Et ass alles wéi ee Kaartenhaus zesummegefall, esou de Caritas-Mataarbechter

© Pierre Weimerskirch
De Michael Feit schafft zanter 28 Joer fir Caritas Lëtzebuerg. De Responsabel fir d’international Kooperatioun huet all d’Projete missen op en Enn bréngen.
Wéi mer gemierkt hunn, dass et ëm 61 Milliounen Euro geet, ware mir komplett um Enn, esou de Caritas-Mataarbechter.
"Als uns bewusst wurde, dass wir dieses Geld kurzfristig nicht mehr wiederbekommen, dachten wir am Anfang, wir können gar nichts mehr für diese Menschen tun."
An de leschte Méint wier et awer gelongen, duerch d’Zesummenaarbecht mat Partnerorganisatiounen an de Ministèren nach villes ze maachen. Et hätt ee sech iwwerluecht, wou ee mat wéineg Geld nach vill Liewe kéint retten. Eigentlech wier all Projet wichteg gewiescht, ma an dësem Fall hätt ee misse kloer Prioritéite setzen.
"Da ich aber das nicht selber machen wollte, haben wir uns dann externe Hilfe geholt aus unserer Zentrale in Brüssel, die uns dann so bei diesem Prozess dann gecoacht hat, sodass wir dann eine relativ klare Liste haben. Es ging darum, dann entsprechend neue Finanzierer, neue Partner zu finden. Und dann sind wir von 1 auf 60 die Liste durchgegangen und haben versucht, halt möglichst viele Projekte dann von anderen Gebern, Spendern oder anderen Organisationen übernehmen zu lassen."

Och an der Ukrain huet Caritas Lëtzebuerg gehollëf. / © privat
Groussen Deel vun internationale Projete lafe virun
Et wier keen do, deen elo wéinst enger Decisioun aus Lëtzebuerg géif verhongeren. Et hätt ee fir all Situatioune Léisunge fonnt, fir kuerzfristeg ze hëllefen. E Beispill wier de Wanter-Programm an der Ukrain. Do geet et ëm Holz-Liwwerungen awer och Neiopbau. Do wier et gelongen, d’Hëllef fir dëse Wanter nach ze garantéieren. Wéi et d’nächst Joer virugeet, kéint een net soen. Caritas Belsch huet e Groussspender fonnt, deen et erméiglecht, d’Projete weiderzefeieren.

De Michael Feit am Südsudan zu Torit. / © Privat
Och am Südsudan konnt ee mat Hëllef vu Partner sécherstellen, dass d’Kanner, déi op Iessen ugewise sinn, weider gehollef kréien. Nei Kanner ginn awer keng méi an de Programm opgeholl, esou de Michael Feit. Am Südsudan hätt sech aus engem Deel vun de fréiere Caritas-Mataarbechter eng lokal Hëllefsorganisatioun gegrënnt, finanziell Ënnerstëtzung kënnt fir déi Organisatioun vu Caritas Holland.
Caritas-Büro aus dem Kosovo och elo lokal ONG
De Caritas-Büro am Kosovo wier och komplett an eng lokal ONG iwwergaangen. Dëse Büro huet och scho mat Lëtzebuerg e Kontrakt ënnerzeechent. Esou ginn am Kosovo Projete weider mat Suen aus dem Staatsbudget bezuelt.
De Michael Feit hofft, dass d’Caritas Lëtzebuerg iergendwann nees kann aktiv ginn:
"Im Moment geht das halt nicht. Aber wir hoffen natürlich, dass es eines Tages dann wieder eine Caritas aus Luxemburg gibt, die auch international tätig sein kann, ob die dann Caritas heißt oder wie auch immer. Wie gesagt, das liegt nicht in meinen Händen. Das sehen wir dann. Aber ich denke, die Möglichkeiten sind da."
Insgesamt huet den Ausseministère Konkrakter mat 5 Partner ënnerschriwwen.

Kannerheem an der Ukrain. / © Privat
Roserei genotzt, fir virun ze kommen
Op d’Fro, ob hie rose wier, dass d’Aktivitéite vun der Organisatioun elo all hu missen agestallt ginn, sot de Michael Feit, hien hätt déi Roserei genotzt, fir virun ze kommen an de Leit ze hëllefen.
"Ich bin seit 28 Jahren mit der Caritas. Ich habe geholfen, diese Struktur mit meinem Kollegen aufzubauen. Und jetzt fällt alles wie ein Kartenhaus zusammen. Das ist natürlich sehr traurig und sehr frustrierend. Aber diese Wut haben wir tatsächlich in Aktivismus umgesetzt, um möglichst vielen Menschen zu helfen."
De Michael Feit huet sech virgeholl, esou laang wéi e kann, fir d’Caritas virunzeschaffen. Der Entwécklungshëllef géif hien net verluer goen, och wann en dat herno géif benevole maachen.

Direkthëllef nom Äerdbiewen an der Tierkei. / © Privat
Als Responsabel vun der internationaler Hëllef vun der Caritas hat de Michael Feit och d’Aufgab, d’Mataarbechter uechtert d’Welt driwwer ze informéieren, dass aus Lëtzebuerg elo keng Sue méi kommen. Trotz dëser dramatescher Nouvelle hätte vill him Merci gesot, fir d’Hëllef déi ee kritt hätt. Och dëst wier eng Motivatioun gewiescht, fir esouvill Leit wéi méiglech ze hëllefen.
Wéinst der lafender Enquête vun der Justiz konnt a wollt de Michael Feit keng Froen dozou beäntweren.