Op der A6 a Richtung Belsch
Police huet en Autodéif gepëtzt a festgeholl
© Envato
Um spéiden Donneschdegmoie war d'Police alarméiert ginn, nodeems an der Areler Strooss zu Stroossen en Auto geklaut gouf.
Bei der Sich nom Auto huet eng Patrull d'Gefier op der A6 a Richtung Belsch op der Héicht Mamer/Capellen fonnt a gestoppt. Dobäi hunn d'Beamten den Déif missen immobiliséieren, éier hien op Uerder vum Parquet festgeholl gouf.
E Freideg de Moien hat hie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies