Groupement Energies Mobilité an Tankstelle bedaueren d'Reform
Hirer Meenung no wier et besser, eng komplett Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Handel an d'An ze faassen.
De Groupement Energies Mobilité an d'Federatioun vun den Tankstellebedreiwer bedaueren d'Reform vun den Ouvertureszäiten am Commerce, wéi se dës Woch duerch de Regierungsrot gaangen ass a fäerten e Kompetitivitéitsverloscht fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft.
Besser wier et, d'Ouvertureszäiten am Handel komplett ze liberaliséieren. D'Ouvertureszäite vun den Tankstellen op 22 Auer owes an der Woch an 19 Auer de Weekend ze limitéieren, géif weder de Gewunnechte vun hire Clienten, nach den neien Exigenze vum Marché entspriechen.
Tankstellebedreiwer stéiere sech drun, datt Derogatioune mam neien Text misste via Kollektivvertrag verhandelt ginn. Dat géif, hirer Meenung no, géint der Regierung hir annoncéiert administrativ Vereinfachung goen a wier net ubruecht fir ee Secteur, an deem de Gros vun den Entreprise keng Personaldelegatioun misst hunn.