Stied aus aller Welt siche Méiglechkeeten, de Verkéier méi effizient ze gestalten, fir Stauen a Loftverschmotzung ze minimaliséieren.

Stied aus aller Welt siche Méiglechkeeten, de Verkéier méi effizient ze gestalten, fir Stauen a Loftverschmotzung ze minimaliséieren.

Dobäi soll och d‘Elektromobilitéit eng grouss Roll spillen. Ma wéi kann eng Stad sech op dës Erausfuerderung preparéieren? D‘Kënschtlech Intelligenz kéint d‘Léisunge bréngen.

Den Ëmschwong op eng elektromobiliéitsfrëndlech Stad weist sech dacks méi komplizéiert, ewéi Ugangs gemengt. Sëlleg Luedestrukturen, ma och de Stroum um Reseau fir dës ze fidderen, sinn néideg. An d‘Schwankungen um Stroumreseau, déi doduerch entstinn, musse kompenséiert ginn.

Déifferdeng, déi drëttgréisste Stad am Land, wëll bis 2030 hir CO2 Emissiounen ëm 55 Prozent erofkréien. Solarpanneauen an Dosenden nei Opluetstatioune fir Autoe sollen dësen Iwwergang vu Februar u méiglech maachen. D‘Erausfuerderung allerdéngs ass, dës clever ze verdeelen. De Stefan Lafontaine vum Service de la circulation et mobilité zu Déifferdeng:

"D‘Elektromobilitéit zu Déifferdeng ass nach net ganz ukomm. D‘Hoffnung ass awer, datt se an den nächste Jore wäert ukommen. Demande vun de Bierger ass op alle Fall schonn do. Dofir hu mer intern gekuckt, wou d‘Stroumcapacitéit do ass, fir d‘Bornen ze installéieren. D‘Borne gi virun allem op Parkingen installéiert fir Kuerzzäit- a Laangzäit-Luedungen. Laangzäit fir déi Leit, déi zu Déifferdeng wunnen an net Doheem kënnen hiren Auto oplueden. Kuerzzäit fir déi Leit, déi zu Déifferdeng schaffen, respektiv akafe kommen."

Eng 30 nei Luedestatiounen vu Februar un, 18 dovu fir séier opzelueden – gi vu Solarpanneauen op den Diecher ënnerstëtzt. Laangfristeg brauch et awer weider Strukturen. Wou déi hikommen a wou de Stroum fir dës produzéiert gëtt, kéint an Zukunft d‘Kënschtlech Intelligenz decidéieren. De Patrick Reder vum Service Travaux Neufs zu Déifferdeng:

"Dat fonctionéiert dann esou, datt mer alleguer eis Wäerter vun de Photovoltaikanlagen a vun der Energieproduktioun wäerte moossen. Gläichzäiteg moosse mer och, wéi eis Schnelllluedstatioune frequentéiert ginn a wéi d‘Stroumconsommatioun op dësen ass. Si maachen dann eng Simulatioun domat fir de System duerno ze optimiséieren a besser anzestellen.“

Si – dat si CitCom.AI – e lëtzebuergesch-europäesche KI-Projet mat Sëtz um Belval. De Projet zu Lëtzebuerg mécht d‘Bréck tëscht klenge Start-Upen, déi mat genau dësen Donnéeë schaffen an de Stied, déi se brauchen, a kreéiert dat néidegt Schaffgeschier. De German Castignani vum Digital Twin Innovatiounszenter:

"Mir hunn eng digital Kopie vun enger Stad zum Beispill. An dëser Kopie kann ech dann einfach de Stopp-Knäppchen drécken an en neien Zenario kreéieren. Ech kann Auto-Chargeure bäisetzen. Nei Gebaier, nei Gebaier mat enger Photovoltaikanlag a berechnen, wéi de Stroumsystem mat dëse Modifikatiounen ëmgeet."

Et sinn Donnéeën, déi fir eng Stad enges Dages kënne Gold wäert sinn, fir méi onofhängeg ze funktionéieren – och bei der eegener Stroumversuergung.