D'CSV an d'DP hate keen einfacht Joer
D'Joer geet op säin Enn duer. Zäit also op verschidde politesch Sujeten zeréckzekucken déi 2024 gepräägt hunn.
Virop war et natierlech dat éischt komplett Joer vun der neier Regierung vun CSV an DP. Mir kucken op déi lescht 12 Méint zeréck, an deene Schwaaz-Blo genuch Erausfuerderungen hat an och vill Géigewand krut.
No engem klenge Steierkaddo vun 4 Indextranchen, wouvu Schwaarz-Blo awer just annerhallef dropgeluecht haten (de Recht war nach vu Blo-Rout-Gréng), hat den Heescheverbuet d‘Noriichten dominéiert. De Géigewand vun de Leit dobausse gouf méi rau fir de Léon Gloden...
Wien dierf nach heeschen, wien mécht dat aggressiv an opdränglech? Alles net kloer, bedauert och d‘Justiz. Déi zoustänneg Ministesch Elisabeth Margue entaméiert eng Reform vum Code pénal. D‘Finanze stoungen fir Schwaarz-Blo am Mëttelpunkt. Et goung drëms, en Iwwergangsbudget gutt ze verkafen, fir am Oktober een ambitiéisen awer méi balancéierte Budget fir d‘Zukunft ze presentéieren.
Eng Partie sozial Mesuren ginn decidéiert: Den onqualifizéierte Mindestloun gëtt vum 1. Januar u steierfräi, e Crédit d‘impôt fir elengerzéiend Elteren aus der Steierklass 1A.
Déi grouss Steierreform bleift wäit fort. Eng Partie Steiermesuren jo, ma esou richteg gouf och d‘Logementskris nach net an Ugrëff geholl. Fairerweis muss ee soen: d‘Regierung konnt op déi, déi bauen, net méi bauen. Elo gouf et eng Baukris. An doropshin d‘Iddi: d‘Suen vun de Steierzueler kéinten d‘Baufirmen a Promoteuren jo iwwer Waasser halen. Kritik vun der Oppositioun virop déi Lénk...
Dës a weider Sujeten am Video-Reportage vum national-politesche Réckbléck 2024.