Méi a méi séier bauen. Schwaarz-Blo wëll dat erreechen mat vereinfachte Prozeduren a steierleche Mesuren.  

De Kontext: Duerch héich Präisser, Inflatiouns-bedéngten Zënshaussen an ekonomesch onsécher Zäite sinn d’Vente vu Wunnengen agebrach. 2023 goufen 41% manner Immobilië verkaf, wéi nach 2021. Besonnesch de Bausecteur ass betraff. D’Vente vu Vefaen, also Wunnengen op Plang, sinn agebrach. Zejoert ëm 75% am Verglach zu 2021.

Vill steierlech Mesurë fir Keefer 

Een nach méi bëllegen Akt, e besseren Amortissement accéléré, manner Steieren op der Plus-value... Virdeeler fir Leit, déi en Eegenheem kafen, grad wéi fir déi, déi a Logement investéiere wëllen. A souguer fir déi, déi verkafen! Dës zäitlech begrenzte Mesuren déi d’schwaarz-blo Regierung Enn Januar annoncéiert, sollen neie Schwong an de Marché bréngen.

Effektiv gesäit een, datt Verkafsakte fir Immobilien vum Enregistrement vu Mee un nees liicht an d’Luucht weisen. Allerdéngs vill méi staark bei existente Wunnenge, wéi bei Vefaen. D’Steiermesuren hätten do besser gegraff, seet de Logementsminister de 4. Dezember an der Chamber.  “Well do d’Proprietäre méi staark mat de Präisser erofgaange sinn, wéi dat zum Beispill d’Immobilienentwéckler bei de Vefae waren. Dat ass och eppes, wat ech kritiséieren, datt déi net hiren Apport bis elo maximiséiert hunn.” 

Hausse vu Faillitten am Bausecteur 

Bedeit also, datt de Bausecteur vun de Promoteuren net deen néidege Réckewand krut. Nawell hu bis Enn September 147 Betriber an der Constructioun faillite gemaach, bal ee Véierels méi, wéi dat Joer virdrun ëm déi Zäit. 1.048 Aarbechtsplaze gounge verluer. E Plus vu +45%.  

Promoteure wéineg Interessi un Ënnerstëtzungsmechanismus 

Och gräife quasi keng Immobilienentwéckler op Prolog zréck. En Ënnerstëtzungsmechanismus, dee 5 Lëtzebuerger Banken ugangs Juli geschafen hunn, fir de Bau vu Residencen ze erméiglechen, obwuel nach net genuch Wunnenge verkaf sinn, fir déi gesetzlech virgeschriwwe Garantie d’achèvement ze kréien.

“De Succès ass am Moment limitéiert”, esou de Gerry Grbic, Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL. “Wat ech awer ka soen ass, dass een Dossier, deen ass elo acceptéiert gi vu Prolog.” Do misst de Promoteur elo decidéieren, ob hien déi Offer acceptéiere géif.  
 
D’Konditioune vu Prolog sollen awer nach emol verbessert ginn an den Ënnerstëtzungsmechansimus, deen u sech just bis Enn des Joers virgesi war, bis Enn 2025 lafen.

Klengen Opschwong ze spieren 

Wat awer schéngt Wierkung ze weisen, ass eng zousätzlech Incitatiounssprëtz am Oktober: nämlech datt bis Mëtt 2025 d’Enregistrementskäschte beim Kaf vun enger Wunneng hallwéiert ginn. Dat gëllt och fir Investisseure, wann si eng Vefa kafen.

De Logementsminister, awer och d’ABBL soen, datt elo um Enn vum Joer souwuel bei Notairen wéi Banken d’Aktivitéit am Beräich Logement an d’Luucht geet a méi Immobiliëprêten ugefrot an accordéiert ginn.  
Un dëser Entwécklung ass zimmlech sécher awer och d’Baisse vum europäesche Leetzëns bedeelegt a méi bëlleg Immobiliëkreditter. Laang Zäit war dësen op 4%. Mëtt Juni dunn huet d’Presidentin vun der Europäescher Zentral Bank eng éischt Baisse vun 0,25% annoncéiert. Mëttlerweil leie mer bei 3%.
 
Fir de Schwong net ze briechen, huet de Premier Luc Frieden de 6. Dezember Kleesche gespillt an ugekënnegt, déi temporär steierlech Mesurë bis Mëtt 2025 ze verlängeren.

Weider Mesuren... 

Am Februar kënnt et zu enger nationaler Logementsreunioun fir ze beroden, wéi nach méi séier ka gebaut ginn. Eng vun de Conclusiounen, déi de Premier Frieden duerno presentéiert: d’Proportionalitéit vun den Ëmweltreegele par Rapport zum Wunnengsbau sollen iwwerkuckt ginn. Ausserdeem wëll d’Regierung préiwen, ob verschidde Gesetzer net méi wäit gi wéi déi europaësch Direktive. De Projet vum iwwerschafften Naturschutzgesetz ass um Instanzewee. Ënner schaarfer Kritik och vum Mouvement Ecologique.

Nationaalt Bautereglement net virun Enn 2025 

Och aner Prozedure, Baugeneemegunge beispillsweis, solle vereinfacht ginn. An der Ried zur Lag vun der Natioun am Juni annoncéiert de Luc Frieden, datt et bis 2025 en nationaalt Standard-Bautereglement wäert ginn, mat eenheetleche Reegelen.

Heiduerch soll méi séier a méi bëlleg kënne gebaut ginn. Ma net just am Bau ass de “Rythme de croisière” net ëmmer dee gewënschten: Op RTL-Nofro äntwert den Inneministère datt d’Aarbechtsgruppe ronderëm dat nationaalt Bautereglement am Hierscht nächst Joer wäerte fäerdeg sinn. Den Depot vum Gesetz an engem Reglement Grand-Ducal kéint deemno Enn 2025 gemaach ginn. 

Staatlechen Opkaf vu Vefa-Projeten 

Zousätzlech zu den 170 Wunnengen op Plang, déi de Staat schonn opkaaft huet, solle weider Vefaen opkaaft an zu soziale Präisser verlount ginn.  Esou d’Annonce vum Logementsminister Claude Meisch den 31. Januar. 
“Mir hunn haut de Moien decidéiert, datt mer eng zousätzlech Enveloppe fir déi nächste Jore vu 480 Millioune wäerten zur Verfügung stellen, fir dann eng schätzungsweis 800 Wunnengen iwwer deen do Wee ze kafen, bauen ze loossen, ze kafen an an de Parc locatif vum Staat kënnen z'iwwerhuelen.”

Bis elo huet de Staat 6 Akten ënnerschriwwe mat 208 Logementer fir ronn 126 Milliounen Euro. De Fonds de Logement 61 Wunnenge fir eng  39 Milliounen Euro. Dat äntwert den zoustännege Ministère den 19. Dezember op RTL-Nofro. Den duerchschnëttleche Metercarré-Präis (surface utile d’habitation) léich bei 7.525€ inklusiv enger Parkplaz.