Ee Joer vu wichtegen Annoncen um Lëtzebuerger Haff
2025 kritt Lëtzebuerg en neie Staatschef: No 25 Joer am Amt dankt de Groussherzog Henri of an iwwergëtt sengem Fils Guillaume den 3. Oktober den Troun.
No der Annonce op Nationalfeierdag, dass den Ierfgroussherzog am Hierscht géif Stellvertrieder vum Grand Duc ginn, war sech erwaart ginn, dass et bis een Trounwiessel net méi all ze laang géif daueren. D’Confirmatioun koum dunn op Helleg Owend.
De Kader an den Datum ware gutt gewielt. Op Nationalfeierdag mécht de Grand Duc déi dach iwwerraschend Annonce: "Ech si frou Iech an dësem Kader, zesumme mat der Grand Duchesse, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie z’annoncéieren, dass ech decidéiert hunn, mäi Fils am Oktober zum Lieutenant ze maachen."
De Guillaume wäert also méi Aufgabe vu sengem Papp iwwerhuelen, wéi Arrêten ënnerschreiwen oder eenzel Staatsvisitten iwwerhuelen. Dass hie sech freet, awer och opgereegt ass, verstoppt den zukünftege Staatschef net...