Kréien d'Bierger zu Lëtzebuerg fir den Trounwiessel den 3. Oktober fräi?
© SIP
Den 3. Oktober 2025 ass den offiziellen Datum vum Trounwiessel um Haff, ma nach ass net alles ëm deen Datum gekläert.
A senger Chrëschtusprooch hat de Grand-Duc Henri zesumme mat der Grande-Duchesse Maria Teresa matgedeelt, dass de Lieutenant-Représentant Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie den 3. Oktober d'nächst Joer hir Successioun wäerten iwwerhuelen.
Vill Leit hu sech doropshin gefrot, ob den 3. Oktober dann e fräien Dag respektiv een extra Feierdag wäert ginn. Do wier nach keng Decisioun geholl, sou heescht et op Nofro aus dem Staatsministère. D’Regierung géing dat eréischt d’nächst Joer decidéieren, méi no um eigentlechen Datum, well dofir bräicht et natierlech och e Gesetz.