Am sozialen Dialog hat et gekriselt
Tëschent der Regierung an de Gewerkschaften huet et am éischte Joer vun der Legislaturperiod direkt e puer mol gekriselt.
Am Abrëll huet d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP bei enger Protestmanifestatioun der Regierung reprochéiert, mam soziale Fridden ze spillen. Am Oktober huet dunn den Aarbechtsminister sech mat sengen Iddie fir d'Kollektivverträg bei de Gewerkschaften OGBL an LCGB onbeléift gemaach.
Am Parkhotel zu Dummeldeng huet d'Staatsbeamtegewerkschaft bei enger grousser Manifestatiounsversammlung am Abrëll vun der Regierung verlaangt, sech un de Gehälteraccord ze halen. Hannergrond war de Bewäertungssystem bei der Arméi. De CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger.
"Hat de Premier, de selwer ernannte CEO vun der Regierung, net eng Kéier gesot, de Kapitän misst och emol mat der Fauscht op den Dësch schloen, wa senge Ministeren net wéilte sputen. Ma dee Moment ass hei längst erreecht, Kolleeginnen a Kolleegen." - Steve Heiliger, 30. Abrëll
Kuerz virum Verhandele vum neie Gehälteraccord ass d'Gewerkschaft hirem Minister Serge Wilmes géigeniwwer mëttlerweil méi positiv agestallt, wéi de CGFP-President Romain Wolff de 6. Dezember hei op der Antenn duerchblécke gelooss huet.
"Ech muss awer soen, datt mer awer am Moment e gutt Verhältnis mat him hunn." - Romain Wolff, 6. Dezember
Alles anescht wéi eriwwer awer ass de Konflikt tëschent de Gewerkschaften an dem Aarbechtsminister. Am Oktober hunn d'Gewerkschaften de Comité permanent du travail et de l'emploi geschlosse verlooss. De Georges Mischo hat a Fro gestallt, datt just Gewerkschafte Kollektivverträg verhandele kéinten. De Minister huet d'Situatioun e puer Deeg méi spéit esou beschriwwen. OGBL an LCGB hunn no der Reunioun decidéiert, zesummen en Aktiounsplang auszeschaffen. Nach iert se sech eng éischte Kéier treffen, gëtt de Regierungsrot gréng Luucht fir d'Sonndesaarbecht am Commerce vu 4 op 8 Stonnen ze verlängeren.
“Wou d'Sonndesaarbecht duerch e Kollektivvertrag gereegelt ass, ass et kee Problem méi, well se ass am Kollektivvertrag gereegelt.” Patrick Dury, 14. Oktober
Seet den LCGB-President Patrick Dury. Fir d'Gewerkschafte geet et ëm vill - wa méi laang Aarbechtszäiten net méi mussen am Kollektivvertrag verhandelt ginn, gëtt hir Verhandlungsbasis natierlech méi kleng. Wat d'Exklusivitéit fir d'Kollektivverträg ze verhandelen ugeet, stellt de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz Enn Oktober kloer, datt déi net a Fro gestallt wier. Mee...
"Zugläich muss een natierlech kucken, wat ass genee de Contenu vun deene Kollektivverträg? Muss een net verschidden Detailer méi um Niveau vun den Entreprisë maachen? Wéi maache mer déi Modernisatioun vun der Aarbechtszäitorganisatioun?" - Luc Frieden, 25. Oktober
Esou Aussoe berouegen d'Gewerkschaften net - den 3. Dezember ruffen OGBL an LCGB, och am Parkhotel zu Dummeldeng, zu enger Manifestatioun op. D'Nora Back an de Patrick Dury fanne kloer Wierder.
“D'Regierung, déi schwätzt vill vum Respekt a si schwätzt och ganz, ganz vill vum Sozialdialog. Mee si mécht leider awer keen." - Nora Back, 3. Dezember
“OGBL an LCGB si sech eens, wann eis Fuerderungen net ëmgesat ginn, da wäerte mir bis zum Äusserste goe mat Streikaktiounen an engem Generalstreik, wann et da muss sinn.” - Patrick Dury, 3. Dezember
Den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo weist sech an enger éischter Reaktioun net beonrouegt.
"Ech si ganz zouversiichtlech, dass et net zu engem Generalstreik kënnt. Ech fannen et natierlech schued, dass méi hei de Mann gespillt gëtt, wéi de Ball gespillt gëtt." - Georges Mischo, 5. Dezember
Am leschte Regierungsrot virun der Chrëschtvakanz fält awer nach eng Decisioun, déi bei de Gewerkschafte fir Roserei suergt - d'Ëffnungszäiten am Commerce an am Handwierk solle verlängert ginn. Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles seet, 80 Prozent vun de Betriber hätte sou wéi sou schonn eng Derogatioun gehat.
"Ech mengen, datt sech um Enn mat deem Text hei sech um Terrain net ganz vill wäert änneren, well mer nämlech haut schonn eng Situatioun hunn, déi duerch alleguerten déi Derogatiounen do fonctionéiert." - Lex Delles, 18. Dezember
Den David Angel vum OGBL léisst déi Argumentatioun allerdéngs net gëllen...
"Bis 10 Auer owes zum Beispill an der Woch gouf et keng Derogatiounen. Dat heescht, dat wier schonn eng extrem Verschäerfung nach eng Kéier vun deem Phänomen vun der Flexibiliséierung." - David Angel, 19. Dezember
D'Situatioun tëschent Regierung a Gewerkschafte bleift also ugespaant, no engem bessere Sozialdialog fir 2025 gesäit et aktuell mol net aus.