2019 ass et zu Schieren zu engem Wiessel um Poste vum Buergermeeschter komm.

Den André Schmit hat demissionéiert an den haitege Kulturminister Eric Thill gouf zum deemools jéngste Gemengepapp vum Land. Datt den André Schmit sech zeréckgezunn hat, louch un engem Sträit mam Inneministère, dat iwwert d'Fro, wéi verschidden Terrainen am Kader vum neie PAG klasséiert solle ginn. De fréiere Buergermeeschter a weider Persoune ware viru Geriicht gaangen a kruten elo a leschter Instanz op der Cour administrative Recht.

Affär André Schmit - Reportage vum Marc Hoscheid

Am Ganze geet et ëm ronn 65 Ar um Lehberg zu Schieren. Den André Schmit hat 1984 hei 25 Ar fir 1 Millioun Frang kaaft. Deemools am "gudde Glawen", datt den Terrain an der Zone urbanisable leie géing. Spéider hätt sech awer erausgestallt, datt e komplett an der Zone verte leie géing. Am Kader vun engem neie PAG wier een Deel vum Terrain aus der Zone verte erausgeholl ginn. 2018, wéi rëm een neie PAG op de Wee bruecht sollt ginn, hätt dann och nach de Recht ëmklasséiert solle ginn. Am Januar 2019 huet d'Commission d'aménagement vum Inneministère sech awer opposéiert an argumentéiert, et géing sech ëm een "Développement tentaculaire" handelen. Dat gesäit den André Schmit allerdéngs anescht:
 
"Eisen Terrain ass en deuxième rang, also deen ass jiddefalls net tentaculaire, deen ass net responsabel fir ee weidere Mitage vun der Landschaft. Fréier gouf et een Aarbechtsgrupp, deen huet gesot, Terrainen en deuxième rang misste méi developpéiert ginn, amplaz ëmmer der Strooss laang sech tentaculaire ze developpéieren. Also de Reproche vum tentaculaire kann ech an dësem Fall absolut net akzeptéieren."
 
Et hätt een als Schäfferot 2019 am Inneministère d'Gespréich gesicht, woubäi hie selwer an den deemolege Schäffen Eric Thill, deem seng Elteren och betraff waren, aus Grënn vun der Befaangenheet aus dem Raum gaange wieren. D'Schäffin Tessy Kries an den Ingenieur vun der Gemeng hätten dunn d'Propose gemaach kritt, datt entweder näischt geännert oder just déi Parzell, déi dem André Schmit an dem Eric Thill sengen Eltere gehéiert, ëmklasséiert géing ginn. Zwou aner Parzelle wieren awer an der Gréngzone bliwwen. Dozou den André Schmit:
 
"Dat hätt sech zwar justifiéiert, och op Basis vun der Ëmweltimpaktetüde an och well déi Terraine wierklech tentaculaire sinn. Mee dat wier jo politesche Selbstmord gewiescht, wann een déi eegen Interesse virun déi vun der Allgemengheet gestallt hätt. An dofir hu mir gesot, dat dote kënne mer net akzeptéieren a mir hu gesot, dat war jo een direkten Aveu, datt d'Terrainen an de PAG kënne kommen."

 
Doropshin hätt d'Gemeng gedreet kritt, datt dee ganze PAG refuséiert géing ginn. Dat hätt dann och dozou gefouert, datt beim Vott den 11. Mäerz den Awänn vun der Commission d'aménagement Rechnung gedroe gi wier. Datt ee beim Inneministère esou haart bliwwen ass, betruecht den André Schmit als eng Retourkutsch, well den Ëmweltministère kuerz virdrun an engem Sträit ëm ee presuméiert Biotop géint verschidde Proprietären, déi och bei der Ëmännerung vum PAG mat am Coup waren, verlueren hat.
 
"Doropshi waren déi Leit sou rosen op eis. An de Chef vum Bureau d'études, deen eise PAG elaboréiert huet, dee krut gesot, loosst dee Schierener PAG mol kommen, loosst dee Schierener PAG mol kommen. An de Retour hu mer och kritt, et gouf quasi keng Extensioun vum Perimeter urbanisable akzeptéiert."
 
Ma elo huet d'Cour administrative esouwuel de Vott vum Gemengerot den 11. Mäerz 2020, wéi och eng entspriechend Decisioun vum Inneministère annuléiert. Duerch d'Menace, dee ganze PAG ze verwerfen, hätt de Ministère géint d'Gemengenautonomie verstouss. Elo geet den Dossier rëm zeréck an de Gemengerot. De Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes wollt d'Urteel op Nofro hin net kommentéieren. Et géing een dat am neie Joer kucken.