De Begrëff "Sécherheetsgefill" bleift flou

© Pedro Venancio
Déi Gréng haten den Inneminister an d'Kommissioun geruff, fir iwwer d'Sécherheet an d'Sécherheetsgefill ze schwätzen.
"De Minister huet ëmmer gesot, d’Sécherheet an d’Sécherheetsgefill hätte sech verbessert", seet de Meris Sehovic vun déi Gréng. Fir dat ze weisen, huet d’Sensibilitéit hien e Mëttwoch an d’Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet geruff.
Den Inneminister Léon Gloden (CSV) ass iwwerzeegt, dass d’Aarbecht vun der Regierung géing hir Friichten droen. Dat ëmsou méi, nodeems en déi provisoresch Zuele vun 2024 virgeluecht krut, wat d'Kriminalitéit ugeet. De Chiffer vun Iwwerfäll mat Gewalt wier ëm 22 Prozent erofgaangen. Déi vun den Abréch, besonnesch a bewunnten Haiser, ëm 10 Prozent. An der Haaptstad verzeechent een hei Baissen ëm 30 Prozent. 300 verdächteg Persounen, déi a Verbindung mat Abréch bruecht gi wieren, hätte kënne verhaft ginn. Vëloen an Autoe wieren dann 23 Prozent manner geklaut ginn.
Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet no der Kommissioun an d’Ronn gehäit, dass een Deel vun dëse Réckgäng kéint mat de Grenzkontrollen zesummenhänken. Dozou mengt de Léon Gloden: "Dee Lien, deen d’ADR ëmmer wëllt tëscht der illegaler Immigratioun an der Kriminalitéit maachen, deelen ech net." Lëtzebuerg wier géint Kontrolle vun de Bannen- a fir d’Verstäerkung vun de Baussegrenze vun Europa.
D’Regierung hätt déi preventiv Kontrollen, nieft de Verkéierskontrollen, mat 37.500 ëm 21 Prozent eropgesat. Am ëffentlechen Transport wieren eng 1.200 Kontrolle gemaach ginn.
12 Prozent méi Verhaftungen am Zesummenhang mat Drogen
De Chiffer vun opgeschriwwenen Affären am Zesummenhang mat Drogen ass dann ëm 20 Prozent landeswäit erofgaangen. An der Haaptstad awer ëm 10 Prozent erop. Der Police Judiciaire no wieren awer 12 Prozent méi Verhaftungen an deem Domaine gemaach ginn.
Den Deputéierte vun déi Gréng, de Meris Sehovic kritiséiert, d’Zuele géingen net d’Sécherheetslag am Land duerstellen, mee just d’Policeaarbecht. Wann d’Police sech méi ëm d’Drogekriminalitéit këmmert, géingen d’Chifferen an der Konsequenz an d’Luucht goen. Hie reprochéiert der Regierung Symbolpolitik ouni klore Plang. Dëst géing een am Dossier vum erweiderte Platzverweis gesinn, wou d’Avise vun den Autorités judiciaires "katastrophal" wieren. Dëst wéinst Bedenke par Rapport zu der Rechtsstaatlechkeet an zu der Verfassung.
D’LSAP ass der Meenung, dass ee misst unerkennen, dass sech Sécherheetslag a verschidde Beräicher verbessert huet, mee et misst een dat Ganzt awer mat Nuancë kucken. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana weist och drop hin, dass, wann d’Police méi am Domaine vun der Drogekriminalitéit schafft, méi héich Chifferen erauskéimen. Hie weist awer och op en Aspekt hin, deen an der Kommissioun e Mëttwoch net konnt gekläert ginn. Nämlech wéi d’Sécherheetsgefill erfaasst gëtt. Hei bräicht een e representativen Echantillon, mengt den Deputéierten. Aus dësem kéint een da méiglecherweis Conclusiounen zéien. Eng Etüd ass awer net virgesinn. "Et bleift beim Héieresoen", faasst et den Dan Biancalana zesummen.
Den Inneminister erkläert d’Perceptioun vum Sécherheetsgefill als en Zesummespill vu verschiddene Facteuren. Et géing sech zesummesëtzen aus dem Feedback vun de Leit um Terrain, vun de Polizisten an aus de Chifferen.
Den 23. Januar wäert de Léon Gloden dann de franséischen Inneminister gesinn, fir iwwert déi grenziwwergräifend Drogekriminalitéit ze schwätzen. Et wéist een nämlech, dass en Deel vum Drogentrafic aus der franséischer Grenzregioun kéim.
Déi offiziell Kriminalitéitsstatistike vun der Police vun zejoert wäerten am Mäerz oder Abrëll presentéiert ginn.