ADRenalin wëll den Elon Musk an d'Chamber alueden
© ANDREW HARNIK GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
Wéi et an engem Bréif vun der Jugendorganisatioun vun der ADR heescht, wier de kontroversen US-Tech-Milliardär en Expert a ville wichtege Beräicher.
Dozou géifen d'Digitalisatioun, d'Kommunikatioun, d'Finanztechnologie an d'Satellitten-Industrie gehéieren. Et wier ënnert anerem wichteg, "fundamental pro-demokratesch Wäerter ze stäerken an déi weiderhin ze fërderen" an dowéinst schléit d'ADRenalin vir, den Elon Musk op Lëtzebuerg an d'Chamber z'invitéieren.
E "konstruktiven Austausch" mam Musk géif der Jugendpartei no ënnert anerem "d'Méiglechkeet bidden, wichteg Aspekter vun der Meenungsfräiheet an eiser Gesellschaft ze reflektéieren an ze stäerken."
D'Warscheinlechkeet, dass den Elon Musk tatsächlech op Lëtzebuerg op de Krautmaart ageluede gëtt an och tatsächlech kënnt, dierft allerdéngs relativ kleng sinn.