D’Täter haten et an der Rue de Mersch zu Sëll versicht. An de leschten Deeg gouf et änlech Virfäll zu Uewerpallen a Reisduerf. Zanter 2018 koum et ëmmer nees zu dësen Iwwerfäll, zu Lëtzebuerg wéi och an der noer Grenz-Regioun.
D’Fro stellt sech also, ob een et hei mat enger Serie ze dinn huet an ob et ëmmer déi selwecht Täter sinn. Dat géif gepréift ginn, heescht et vum Marc Ragnacci vum Service Prévention vun der Police.
Weider Detailer nennt hien am RTL-Interview net a verweist op de Secret de l’instruction. Et géing een awer dovunner ausgoen, datt d’Täter aus dem Ausland kommen. Dofir géif enk mat den Autoritéiten aus den Nopeschlänner zesumme geschafft ginn.
Opfälleg wier, datt et den Täter an den 3 Fäll net gelongen ass fir Suen ze klauen. Dat well d’Mesuren, déi en Place sinn, géinge wierken, sou d’Police. Et gëtt zum Beispill e permanenten Austausch mat der Bankenassociatioun ABBL, fir d’Sécherheet ze verbesseren.
D’Police verweist och op eng nei Generatioun vu Geldautomaten, bei deenen eng Rei Sécherheetsmechanisme verbaut sinn. Et gëtt zum Beispill Apparater, déi Gas detektéieren oder et ass e metallene Rideau beim Bankomat installéiert.
Et géifen zwou Manéiere ginn, fir sou e Geldautomat ze sprengen. Déi eng géingen et mat Sprengstoff, déi aner mat Gas versichen, sou de Marc Ragnacci weider.
D’Populatioun kritt geroden, all verdächteg Persounen direkt um 113 ze mellen.
Mäerz 2018: D’Filial vun der Post zu Nidderaanwen. Et war eng vun de stäerksten Explosioune vun engem Bankomat am Land, woubäi de ganze Postbüro zerstéiert gi war, eng Première fir Lëtzebuerg. D’Valerie Ballouhey Dauphin vu Post Finance am März 2018: “Ce genre d’attaque , c’était une première pour notre établissement.”
No Nidderaanwen dunn eng ganz Serie: Heischent, Housen, Wëntger, Miersch, Wäiswampech, Pommerlach, Nidderkäerjeng, Esch-Sauer. Tëscht 2018 bis haut goufen et am ganzen 18 Attacke op Bankomater, woubäi d’Täter ëmmer d’selwecht virginn. Entweder et gëtt probéiert mat engem Gasgemësch oder Sprengstoff d’Explosioun erbäizeféieren, woubäi d’Suen net ëmmer ze gebrauche sinn. De Marc Ragnacci, Service Präventioun bei der Police: “Dat si sou Kassetten déi mat Suen gefëllt sinn. Do ass esou ee Makulatiounssystem dran dat heescht wann eng Sprengung ass ginn déi Schäiner gefierft. Wuelwëssent dass een deel vun de Schäiner um Schwaarzmaart awer ëmgesat ginn. Mee et verhënnert awer mol dass verschidde Leit iwwerhaapt probéieren un d’Bankomaten erunzekommen.”
D’Police geet dovunner aus, dass auslännesch Banden hannert den Attacke stinn. An Holland goufen et an de leschte Joren Arrestatiounen. Zu Lëtzebuerg war et vun Enn 2022 u roueg... bis d’lescht Woch, wou eben zu Reisduerf ee Bankomat gesprengt gouf, d’Täter konnten, der Bank no, awer näischt mathuelen. Probéiert hunn Onbekannter et och En Dënschdeg zu Uewerpallen an e Mëttwoch den Owend zu Sëll, dat ouni Succès.
Déi mei modern Generatioune vun Apparater sinn net méi sou einfach ze knacken, sou de Marc Ragnacci weider: “Do ginn et Virriichtungen fit de Gas ze detektéieren . Et si Bankomater wéi deen zu Reisduerf déi hunn eng metalle Riddo déi owes um 10 Auer erofgeet bis Moies 6 Auer . Do gëtt schonn direkt vun der Bank aus Alarm ausgeléist deen dann un d’Police geet.”
Och heifir an Däitschland an der Eifel an no bei Treier goufen et an der Lescht rëm 3 Sprengungen. D’Police ass am permanenten Austausch mat der Bankenassociatioun ABBL fir d’Sécherheet nach ze verbesseren. Et ass ee lo natierlech alertéiert, besonnesch a kléngen Uertschaften un de Grenzen. D’Populatioun kritt geroden, all verdächteg Persounen direkt um 113 ze mellen.