ZeienopruffZu Sëll gouf versicht, e Bankomat ze sprengen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng weider versichte Sprengung vun engem Bankomat am Land.
© Morgan Doux / RTL

Dës Kéier hätten d’Täter et an der Rue de Mersch zu Sëll versicht. D’Police war op der Plaz an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

An dësem Kontext sicht d’Police dann och no Zeien. Wien Informatiounen zum Tëschefall huet, ass gebieden, sech bei der Police judicaire ze mellen. Dat via d’Mailadress rgb@police.etat.lu.

Bannent de leschten Deeg ass et op zwou Plazen am Land zu änlechen Tëschefäll komm. Zu Reisduerf gouf e Bankomat zerstéiert, den Täter ass et awer net gelongen, Suen ze klauen an zu Uewerpallen ass et bei engem Versuch bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO