
Den Ament ass déi zweet Phas vun der sougenannter strategescher Ëmweltimpaktetüd vum Google-Datenzenter zu Biissen amgaang, dat sot den Energie- a Wirtschaftsminister Lex Delles en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber, wéi hien nom leschte Stand vum Projet gefrot gouf. Duerfir kéint een nach net soen, ob sech d’Techfirma effektiv hei am Land néier léisst oder net. Den DP-Politiker gëtt sech awer wéinst de leschten Entwécklungen ganz zouversiichtlech.
“Ganz wichteg awer ass ze gesinn, datt den Echange tëscht der Gemeng an dem Exploitant vun deem Site hei weider geet. Do sinn natierlech eng ganz Rei Froen, déi sech stellen. Dir wësst et. Froe vun Zoufaart a sou weider. Ech mengen, datt se schonn en long et en large diskutéiert sinn. Ee wichtege Message: De Projet ass net dout. Wann Echangë sinn, gesäit een also, datt et an eng Richtung geet. Mä et ass ze fréi, fir jo oder neen ze soen, well een dat zu dësem Ament net weess. Mä ech awer ganz zouversiichtlech.”
D’lescht Woch huet de Gemengerot vu Biissen eng sougenannt Convention d’exécuton vum PAP fir den Datenzenter ugeholl.
RTL-News (13.1.25): A klenge Schrëtt: Biisser Gemengerot mécht Wee fräi fir Google-PAP
RTL-News (4.12.24): Biissen: Google-Datenzenter weiderhi realistesch, awer nach keng definitiv Zouso