
Dat sot den CSV-Deputéierte Jeff Boonen en Donneschdeg an enger Aktualitéitsstonn zum Thema Agriphotovoltaik an der Chamberplenière.
2022 hat déi viregt Regierung en Appel à projets lancéiert fir Agri-Photovoltaikanlagen. Zeréckbehale goufe 14 Pilotprojeten, bei deenen erneierbarer Energë op landwirtschaftleche Fläche produzéiert gëtt. Mat engem gutt ausgeluechte Projet vun Agri-Photovoltaik wier et net de Stroum oder den Teller, mee de Stroum an den Teller, esou de Jeff Boonen. Och misst séchergestallt ginn, datt net déi ganz Fläch mat Photovoltaik zougeluecht gëtt. Domat huet sech och de gréngen Oppositiounsdeputéierte Meris Sehovic averstane gewisen, mee...
“An engem klenge Land kënnt een net ronderëm, fir déi verschidden Ziler ze kombinéieren, grad zu Zäite vun enger Energiekris. Et geet net duer, e puer einfach a gänzlech onkontestéiert Mesuren ëmzesetzen an ze hoffen, datt dann hannen dobäi Klimaneutralitéit erauskënnt. Aus dësem Grond si Projete wéi Agri-Photovoltaik vu grousser Bedeitung. Si fuerderen eis, eis Ziler ënnert ee gemeinsamen Hutt ze bréngen. Ob déi aktuell Regierung dat och esou gesäit, dat ass nach onkloer, dat wäert d’Zäit da weisen.”
Zu Keespelt: Déi éischt sougenannten “AgriPV-Anlag” gouf ageweit