Op engem landwirtschaftlechen Terrain an der Gemeng Kiele gouf de Moien eng speziell Photovoltaikanlag ageweit. Se ass esou konzipéiert, datt d’Weed weider ka genotzt ginn. Där Projete sollen et an den nächste Joren nach méi ginn.
Um Plateau bei Keespelt stinn op enger Weed Kéi, niewendrun eng Photovoltaikanlag op Pottoen, déi Stroum fir 600 Stéit produzéiere kann. Et ass eng sougenannt “Agri-PV-Anlag”, déi éischt zu Lëtzebuerg. D’Solarzellen dréine sech mat der Sonn. Ënnert der Anlag ka weider Hee oder Silo produzéiert ginn.
De Patrick Witte, Direkter vun der Waasserstoff- an Agri-PV-Firma GPSS:
“Wir haben uns zuerst angeschaut: Was macht der Bauer auf der Fläche? Welche Maschinen benutzt der? Dann haben wir uns angeschaut, welche technischen Lösungen kann man eben für die Installatioun der Anlage nehmen, damit man weiter mit diesen Maschinen arbeiten kann und haben das dann alles aufeinander abgestimmt, sodass der Bauer weiter eben mit denen Maschinen, die er auch hat, weiter auf der Fläche arbeiten kann.”
Iwwer 90 Prozent vun der Fläch kéint weider genotzt ginn. Tëscht de Pottoen, wou net geméit ka ginn, gouf e Konzept fir de Biodiversitéitserhalt ausgeschafft. D’Anlag erlaabt et dem Bauer iwwerdeems, seng Aktivitéiten ze diversifizéieren.
“Der Landwirt, der die Fläche zur Verfügung stellt und auch bewirtschaftet, ist auch beteilegt an dem Gewinn, der aus der Anlage gezogen wird. Und nachdem die Anlage eben im Betrieb ist, haben wir auch vor, auch wirklich eine direkte finanzielle Beteiligung dann eben auch noch zusätzlich zu ermöglichen.”
Den Interessi an der Landwirtschaft wier grouss, och well d’Betriber hir Aktivitéiten doduerch diversifizéiere kënnen. Fir den zoustännege Ministère ass et wichteg, dass d’landwirtschaftlech Fläche weider genotzt ginn.
D’Martine Hansen, CSV-Landwirtschaftsministesch:
“Deen einfach Zouleeë vum Gréngland oder vun Akerland, wou ënnendrënner just nach puer Schof als Alibi lafen, dat ass keng AgriPV, wéi mer se wëllen, well dat ass am Prinzip herno keng Landwirtschaft méi. Et muss definitiv eng Symbios sinn tëscht deenen zwee an de landwirtschaftlechen Ertrag, dee soll net ofhuelen ënnendrënner. Dat heescht, mir sollen och d’Produktiounspotenzial erhalen.”
Am Géigesaz zu Installatiounen op Diecher dréinen d’Solarzelle mat der Sonn. D’Anlag soll pro Joer 2.700 Megawatt-Stonne Stroum produzéieren, wat dem Verbrauch vu 600 Stéit mat 4 Leit entsprécht. De Bauer, deem den Terrain gehéiert, ass och um Gewënn bedeelegt. Mat AgriPV-Anlagen, wéi an der Gemeng Kielen, wëll d’Regierung den Ziler aus dem Energie- a Klimaplang méi no kommen.
An der Emissioun vum Pisa de Wëssensmagazin dréit sech alles ëm d’Produktioun vun nohalteger Energie.