Den éischten Informatioune vun der Police no handelt et sech ëm en Accident. E Buschauffer, deen eleng mat sengem Passagéierbus ënnerwee war, hätt d’Kontroll iwwert de Bus verluer an ass an de Bankomat gerannt. Ier en nees op der Strooss un d’Hale komm ass. Der Police no ass de Chauffer bei der Kollisioun liicht blesséiert ginn.
D’Police geet, wéi gesot, fir den Ament vun engem Accident aus. Et sinn och keng Sue geklaut ginn. Déi zoustänneg Sécherheetsfirma hätt de Bankomat geséchert. Fir de Rescht muss d’Enquête elo déi genee Ëmstänn klären.
Dës Woch gouf et zwou versichte Sprengungen zu Lëtzebuerg, zu Uewerpallen a Sëll. E Freideg d’lescht Woch war de Bankomat zu Reisduerf gesprengt ginn.