112Véier Accidenter mat insgesamt fënnef Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS fir e Freidegowend dräi Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.

Direkt zwee Accidenter gouf et kuerz virun 19 Auer tëscht engem Auto an engem Moto. Eemol zu Sëll an eng Kéier an der Stad um Boulevard de la Foire. A béide Fall ass allkéiers eng Persoun verwonnt ginn. Zu Diddeleng an der Rue de la Liberation ass um 22 Auer eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn.

Am fréie Samschdegmoie gouf et dann nach en Accident zu Schuller an der Rue de la Gare, dat géint 5.42 Auer. Hei sinn zwee Autoen aneneegerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO