CGDISAuto op der Kopp zu Hamm - fënnef Persoune verwonnt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg huet sech kuerz virun 1 Auer an der rue de Hamm en Auto iwwerschloen.

Wéi de CGDIS schreift, goufe fënnf Persoune verwonnt. Op der Plaz waren zwou Ambulanzen an d’Pompjeeën aus der Stad.

Kuerz no Hallefnuecht sinn tëscht Réiser an Alzeng zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt. D’Pompjeeë vun Hesper waren an den Asaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad.

E Sonndeg den Owend géint 20.25 Auer ass an der rue de Zouftgen zu Diddeleng en Auto mat der kalifornescher Mauer kollidéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsservicer vun Diddeleng waren op der Plaz. Wéi d’Police um Méindeg de Moien an hirem Bulletin ergänzt, gouf de Chauffer vum Auto schwéier verwonnt an d’Spidol bruecht.

Back to Top
CIM LOGO