
Dräi Persoune sollen hie gestouss hunn a sech duerno mat sengem Portmonni aus dem Stëbs gemaach hunn. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.
E Samschdeg den Owend gouf et dann nach een änleche Virfall an der Rue de la Gare zu Rued-Sir an der Géigend vun der Gare. Hei gouf d’Affer vun zwou Persounen op de Buedem gestouss a beklaut. D’Täter hunn him säin Telefon a seng Jackett ofgeholl a sinn duerno mam Bus geflücht. Och hei huet d’Police Ermëttlungen opgeholl.