Aarbechter geet an Appell a fuerdert Schuedenersatz

De Kaméidi an der Gemeng Conter geet viru Geriicht an déi nächste Ronn.
Leschte Freideg war um Aarbechtsgeriicht d’Demande vum laangjärege Gemengenaarbechter verworf ginn, fir datt seng Entloossung soll annuléiert ginn. Am Dezember zejoert hat de Mann, deen 28 Joer laang op der Gemeng geschafft huet, fristlos gekënnegt kritt. E puer Méint virdrun hat hien och eng Denonciatioun wéinst Mobbing gemaach. Säin Affekot hat argumentéiert, datt de Mann dem Aarbechtsrecht no an deem Fall virun enger Entloossung geschützt wär. D’Riichterin huet dat awer net gëlle gelooss.
D’Geriicht ass also d’lescht Woch der Demande, fir d’Kënnegung opzehiewen an dem Mann seng Aarbechtsplaz zréckzeginn, net nokomm. Säin Affekot huet RTL confirméiert, datt säi Mandant dogéint an Appell geet an eng Requête um Fong virum Aarbechtsgeriicht deposéiert a Schuedenersatz freet.
Nieft dem Gemengenaarbechter hat zejoert am Dezember och eng Personaldelegéiert op der Conter Gemeng eng "mise à pied" kritt, si gouf also suspendéiert.
Déi Affär gëtt nächste Méindeg viru Geriicht verhandelt.