Den André Schmit war 2019 wéinst engem Sträit mam Inneministère vu sengem Posten zeréckgetrueden.

Et goung ëm d'Fro, ob Terraine vu verschiddene Proprietären, dorënner och den André Schmit selwer, um Lehberg als Bauland am neie PAG klasséiert kéinte ginn. D'Commission d'aménagement vum Interieur hat sech enger entspriechender Decisioun vun der Gemeng opposéiert, déi hir Propos dono zeréckgezunn hat. Den André Schmit hat dogéint geklot a krut Enn d'lescht Joer op der Cour administrative Recht. E Mëttwoch war et dann um Schierener Gemengerot, fir sech nees mam Dossier ze befaassen.

Divergenzen iwwert Klasséiere vun Terrainen zu Schieren / Rep. Marc Hoscheid

Een Nolauschterer hat de Wee op d'Schierener Gemeng fonnt. Wéineg iwwerraschend war dat de fréiere Buergermeeschter André Schmit. Ma anescht wéi zu senger aktiver Zäit gouf et e Mëttwoch keng animéiert Diskussiounen. Dat louch vläicht och dorunner, datt et just virun der ëffentlecher Sëtzung eng Aarbechtssëtzung hannert zouenen Diere ginn hat. Et wier een Dossier mat engem laange Baart, esou den aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes. Hien huet nach eng Kéier kuerz resuméiert, wat d'Cour administrative mat Bléck op d'Oppositioun vum Inneministère géint déi ursprénglech Decisioun vun der Gemeng zeréckbehalen hat.

"Datt do den Interieur sech an d'Autonomie communale agemëscht huet, wat se net dierfen a wéi gesot, du hunn d'Kleeër Recht kritt. Mir als Gemeng hunn do, jo, voilà, verluer. A ware lo natierlech konfrontéiert mat der Situatioun, datt mer gesot hunn, wat kënne mer, wat wëlle mer lo do mat där Situatioun maachen?"

Et hätt ee sech mat deem Affekot ausgetosch, deen d'Gemeng iwwert all déi Joren am Dossier beroden an et wier een zur Decisioun komm...

"Datt mer eben, wéi am Urteel eigentlech och proposéiert, rëm zeréckginn op 2018 an do eigentlech den Owend als Schäfferot déi Propositioun géife maachen, datt mer soen, mir wëllen dee PAP SCE04 awer rëm an de PAG integréieren, wéi et ursprénglech ugeduecht war."

E puer Ännerunge gouf et awer, sou gouf zum Beispill den Accès vun der Rue Lehberg erfort liicht ugepasst an et goufen e puer weider Terrainen zousätzlech an de PAP erageholl. Um Enn gouf d'Propos vum Schäfferot mat 7 Jo-Stëmmen an enger Enthalung ugeholl.

Den André Schmit huet sech no der Sëtzung zefridde gewisen, ganz traut hien der Saach awer nach net.

"Ech hoffe lo just, datt déi zwee Ministeren, déi lo gefuerdert sinn, den Här Gloden a spéider den Här Wilmes, datt déi eng Asiicht hunn an déi Decisioun vum Schierener Gemengerot am Sënn vun der Autonomie communale dann och approuvéieren."

Hie géing hoffen, datt et lo nach nach eng Partie Joren dauere wäert, bis eng definitiv Decisioun virläit. Bis elo hätt hie schonn eng 44.000 Euro fir Affekote bezuelt.

D'Urteel vun der Cour administrative huet och een Impakt iwwert Schieren eraus. De Staat kann d'Gemengeréit elo net méi opfuerderen, Illegalitéiten an de PAGen duerch een zweete Vott ze rektifizéieren. Elo bleift just nach d'Méiglechkeet, punktuell Dispositiounen ze refuséieren.

Et kéint awer sinn, datt et bei de PAGe geschwë rëm zu Ännerunge kënnt. Am Inneministère schafft een am Kader vun der geplangter Simplification administrative nämlech un neie Prozeduren.