“Wëllt Dir, dass de Gemengerot d’Sondéierungsgespréicher ofschléisst, soudatt d’Bierger vun der Gemeng Bettenduerf sech 2027 an engem Referendum fundéiert, iwwert eng eventuell Fusioun mat de Gemengen Dikrech, Ierpeldeng-Sauer, Ettelbréck a Schieren kënnen äusseren?”
Dat ass d’Fro, iwwert déi d’Awunner an der Gemeng Bettenduerf um Sonndeg an engem Referendum ofstëmmt hunn.
D’Majoritéit huet sech fir e Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher ausgeschwat. Vun den 1.700 Walziedelen, déi an de Walboxe gelant sinn, waren der eng 400 net gëlteg. Am Ganzen hunn da 57,4 Prozent Jo ugekräizt, 42,6 Prozent Nee. D’Gemeng Bettenduerf huet eng ronn 3.200 Bierger a besteet aus Bettenduerf, Miesdref a Gilsdref.
Lancéiert gouf d’Ofstëmmung vun enger Biergerinitiative, déi net domadder averstanen ass, datt de Bettenduerfer Gemengerot sech aus de Fusiounsgespréicher mat den aneren Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren zréckzitt, ouni dass d’Bierger gefrot géinge ginn. “Mir wäerten op alle Fall de Vott vum Gemengerot respektéieren”, seet d’Dominique Steiner vun der Biergerinitiativ Pro Referendum. Wann de Vott am Gemengerot elo net géing dem Walresultat Rechnung droen, da missten d’Politiker dat virun hire Wieler rechtfäerdegen.
D’Resultat vum Referendum ass nämlech juristesch net contraignant. Ob de Gemengerot d’Resultat vum Referendum respektéiere wäert, ass net kloer. E Mëttwoch kënnt de Gemengerot zu Bettenduerf zesummen. Um Ordre du jour steet awer just, dass géing Positioun geholl ginn.
Mat enger finaler Decisioun wier deemno nach net ze rechnen, sot de Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen. “Dat ka lo sinn, dass jiddereen elo seet: Ok, de Wieler huet ganz kloer geschwat, ech passe mech där dote Situatioun un. Deen een oder aner kann natierlech och soen: Ech sinn nach ëmmer bei menger Meenung an ech bleiwen dobäi”, präziséiert de Buergermeeschter. Hie kéint do keen a senger Meenung beaflossen.
Vun den 11 Gemengerotsmember waren an engem fréiere Vott 7 Persoune fir en Ofbrieche vun de Fusiounsgespréicher a 4 fir e Weiderféieren.
Bettenduerfer Buergermeeschter reagéiert op Kritik u Schäffen: D’Bierger wieren op enger Infoversammlung net belu ginn (13.3.25)
Reaktioun op Reprochen un d’Adress vun der Nordstad: Bettenduerfer Schäffe sollen d’Bierger belunn hunn (6.3.25)
Infoowend iwwert Nordstadreferendum zu Bettenduerf: Gemengerot léisst oppen, ob de Biergerwëlle respektéiert wäert ginn (28.2.25)
Gespréicher ëm d’Nordstadfusioun: “Mega gutt Entente tëscht véier Gemengen”, sou Ierpeldenger Buergermeeschter(13.12.24)