Reaktioun op Reprochen un d'Adress vun der NordstadBettenduerfer Schäffe sollen d'Bierger belunn hunn

Marc Hoscheid
Gouf d'Gemeng Bettenduerf vun deenen anere 4 Nordstadgemenge vum Fusiounsprozess ausgeschloss, well ee vum Ministère méi finanziell Ënnerstëtzung wollt?
© Marc Hoscheid

Dat hunn op d’mannst déi zwee Bettenduerfer Schäffen Andy Derneden a Lucien Kurtisi leschten Donneschdeg op enger Informatiounsversammlung behaapt, wou et och ëm de Referendum iwwert eng Nordstadfusioun den 23. Mäerz goung. Ma d’Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren wëllen dat net einfach esou stoe loossen. Déi zwee Bettenduerfer Schäffen hate virun allem kritiséiert, datt am Summer d’lescht Joer Aarbechtsgruppe gegrënnt goufen, vun deene Bettenduerf ausgeschloss gi wier. De Claude Gleis ass Buergermeeschter vun Ierpeldeng an och Spriecher vun der Nordstad, hie bezeechent déi Duerstellung als Ligen.

“Mir haten den 23. Juli d’lescht Joer eng Reunioun ënnert deene 5 Buergermeeschteren, wou mir de weidere Verlaf vum Fusiounsprozess wollten ofklären, well mir wollten definitiv net an dat Summerlach falen, mir wollten aktiv ukommen. An do huet de Buergermeeschter vu Bettenduerf ganz kloer gesot, fuert dir elo mol ouni eis virun, bis mir Enn September eng Decisioun am Gemengerot geholl hunn. Ech mengen, déi Ausso war do ganz kloer komm.”

Ob de Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen déi Propos am Virfeld mat sengem Schäfferot opgekläert hat, wéisst hien net. Datt esou falsch Behaaptungen op enger Informatiounsversammlung gemaach goufen, géing op alle Fall net zu engem gudde Vertrauensverhältnes bäidroen, mee ee battere Bäigeschmaach hannerloossen. Dem Claude Gleis ass et awer och wichteg ze ënnersträichen, datt een all d’Decisioune vum Bettenduerfer Gemengerot ëmmer zu 100 Prozent respektéiert hätt a Bettenduerf ni an een Eck drécke wollt.

Statememt vum Buergermeeschter vu Bettenduerf als PDF!

Back to Top
CIM LOGO