Policekontrollen um WeekendNéng Permise wéinst Alkohol um Steier agezunn

RTL Lëtzebuerg
Bei 871 Kontrollen uechter d'Land waren 28 Resultater positiv.
© RTL

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg huet d’Police eng grouss ugeluechten Alkoholkontroll op folgende Plaze lancéiert:

  • Capellen, Route d’Arlon
  • Windhof, Route des Trois Cantons (N13)
  • Luxembourg, Rue Auguste Laval
  • Hesperange, Rue de Gasperich
  • Luxembourg, Route d’Arlon
  • Hosingen, Haaptstrooss
  • Clervaux, Route de Bastogne

Am Ganze goufen 871 Kontrolle gemaach, dorënner och bei Chaufferen, bei deenen et keng direkt Indicen op Alkoholkonsum gouf. An 28 Fäll war d’Resultat positiv, dovunner gouf et aacht Geldstrofen an 20 mëndlech Verwarnungen. Néngmol war de Permis agezu ginn.

Weider alkoholiséiert Chaufferen

E Sonndeg de Mëtteg huet sech dann ee Chauffer bei enger Kontroll duerch d’Bascht gemaach. Op der Kräizung vun der Route d’Esch mat der Rue Michel zu Keel wollt een Auto net stoe bleiwen, sou datt d’Police d’Poursuite opgeholl hat. Op der Héicht vun enger Stroossespär konnt de Chauffer gestoppt ginn. Wéi sech erausgestallt huet, stoung hien och ënner Alkoholafloss.

Um fréie Méindegmoie gouf der Police dann nach een Auto zu Schieren gemellt, deen a Schlaangelinnen a Richtung Ettelbréck gefuer war. Och hei war den Alkoholtest positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO