D’Capacitéiten zu Dikrech sinn ausgelaascht. Aktuell sinn do 384 Jonker ageschriwwen. An de leschten 10 Joer ass d’Zuel vun de Schüler ëm ronn 30 Prozent geklommen. Déi zousätzlech Offer am Süde vum Land soll och Jonker uschwätzen, déi sech fir dës Beruffer interesséieren, ma vum laange Schoulwee demotivéiert sinn. Schüler aus dem Süden an dem Zentrum si bis ewell an der Schoulpopulatioun ënnerrepresentéiert, esou den Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz.
De Site am Gebai vu GridX ass eng Iwwergangsléisung an de Staat huet mam Proprietär e Bail vun néng Joer ënnerschriwwen. Bis dohi soll d’Schlass zu Suessem als definitiivt Heem fir den zweeten Site vun der Hotelsschoul renovéiert an amenagéiert sinn. Zu Wickreng ginn déi nämmlecht Formatiounen ugebuede wéi zu Dikrech. Den Direkter vun der Hotelschoul, Michel Lanners, hofft op eng 70 Inscriptiounen.
D’nächst Joer soll am Gebai zu Wickreng och e Restaurant opgoen. Hei kënnen d’Schüler dann den direkten Ëmgang mam Client léieren. Um Enn profitéiert dee ganzen Horeca-Secteur, dee jo op gutt ausgebilt Personal ugewisen ass.