
Éischten Ermëttlungen op der Plaz no hat de Bäifuerer vum accidentéieren Auto nom Accident probéiert fortzelafen, konnt allerdéngs vun de Rettungsekippen dorunner gehënnert ginn. Dobäi koum, dass am Auto de Geroch vu Cannabis festgestallt gouf.
Bei der Kontroll vum Bäifuerer gouf eng gréisser Quantitéit un Drogen, Boergeld an en Handy séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter