DiddelengGemeng lancéiert Zeienopruff wéinst illegaler Bauschutt-Deponie um Leitschebierg

RTL Lëtzebuerg
Wéi et um Site vun der Gemeng Diddeleng heescht, hätten Onbekannter Iwwerreschter vun enger Buedzëmmer um Leitschebierg deponéiert.
© Garde champêtre Dudelange

Am Debris wieren deemno Iwwerreschter vun engem Lavabo, enger Toilette, Plättercher an Dieren ze fannen.

Wien an deene leschten Deeg eng Camionnette an der Géigend vum Ginzebierg gesinn huet, soll sech beim Diddelenger Bannhidder oder dem Fierschter op der Nummer 621 496 202, respektiv 621 202 138 mellen.

D'illegal Deponie gouf op der rout markéierter Plaz fonnt.
D’illegal Deponie gouf op der rout markéierter Plaz fonnt.

Weider Infoe fannt Dir um Site vun der Gemeng.

Back to Top
CIM LOGO