
E Freideg am fréien Nomëtteg war et an der Uelzechtstrooss zu Esch zu engem Virfall komm, deen hätt kéinten dramatesch ausgoen. Hei hat sech nämlech iwwert engem Kiosk e gréissere Steen, rieds geet vu ronn 30 Zentimeter an der Längt, geléist op de Buedem virum Geschäft an der Uelzechtstrooss erofgefall sinn.
Wéi de Buergermeeschter Christian Weis RTL géigeniwwer e Méindeg confirméiert, gouf d’Plaz virum Tubaksgeschäft bis en Dënschdeg de Moie gespaart, dat well een d’Situatioun ganz eescht geholl hat an dat Ganzt en dramatescht Enn hätt kéinte kréien, wier beispillsweis zu deem Moment e Passant laanscht gaangen, hei wier et net bei enger liichter Blessur bliwwen.
Dohier ass et ëm de Christian Weis och wichteg gewiescht, dass de komplette Passage mat Clôturen ofgeséchert a gespaart bliwwen ass, bis eng extern Firma, déi sech ëm d’Fassad vum Gebai gekëmmert huet, de schrëftlechen an definitiven “OK” eraginn hat. Dësen ass en Dënschdeg komm, de ganze Weekend gouf un der Fassad geschafft, fir se weider ofzesécheren. Op der Plaz waren e Freideg och d’Pompjeeën an d’Police.
En Dënschdeg huet den Escher Buergermeeschter matgedeelt, dass d’Aarbechten an der Uelzechtstrooss ofgeschloss sinn an, dass nees fir Stabilitéit geséchert wier.