Versichte Mord um SchlammesteeProzess ëm e Mann, deen 3 Leit express soll ugestouss hunn, huet ugefaangen

Claudia Kollwelter
D’Affär geet zréck op de September 2022, wéi et zu engem Accident mat Farerflucht um Schlammestee koum, bei deem 3 Persoune blesséiert goufen.
Foto vun der Plaz vum 12.09.2022
Foto vun der Plaz vum 12.09.2022
© Domingos Oliveira / RTL

Prozess ëm Farerflucht um Schlammestee/Reprotage vum Claudia Kollwelter

Wéinst versichtem Mord muss en 23 Joer ale Mann sech vun en Dënschdeg u virum Stater Geriicht veräntwerten. Den Ugeklote selwer war net um Geriicht. Him gëtt virgeworf, den 12. September 2022 géint hallwer 5 Moies virun enger Disko um Schlammestee dräi Persounen express ugestouss ze hunn. D’Aussoe vum Ugeklote selwer direkt no de Faite stinn am Widdersproch mat deem, wat d’Enquête erginn huet an op der Iwwerwaachungskamera vun der Disko ze gesinn ass.

Den deemools 21 Joer ale Kapverdianer hat vu Sträit um Parking geschwat, vu verbalen Aggressiounen a behaapt, en hätt Angscht gehat an seng eenzeg Intentioun wier gewiescht, vum Parking fort ze fueren. Um Videomaterial, wat och am Geriichtssall gewise gouf, gesäit een allerdéngs, datt den Ugeklote vu Kengem beréiert oder geschloe gouf an ouni Problem zu all Moment hätt kënne senger Wee goen respektiv fortfueren. Deem war awer net esou. Den deemools 21 Joer ale Mann ass aggressiv ginn, huet provozéiert, op anerer ageschloen, Pefferspray benotzt an ass e puer Mol vum Parking fortgefuer, erëm zréck komm, ass e puer Mol op Leit duergefuer, ier e schlussendlech mat enger geschater Vitesse vu 35 bis 45 Kilometer an der Stonn an déi dräi Männer gerannt ass, déi um Bord vun der Strooss ënnerwee bei hiren Auto waren.

Den Ugekloten a säi Cousin, dee mat him an der Disko war an och dono am Auto souz, hätten offensichtlech no Sträit gesicht ass en Dënschdeg direkt e puer Mol um Geriicht betount ginn. Et hätt keng reell Menace, weder fir deen Een nach deen Anere vun hinne ginn, déi esou eng Reaktioun hätt kënne rechtfäerdegen an et géif och keen Indice vun engem Reglement de Compte oder änlechem ginn.

Dobäi kënnt dann nach, datt den Ugekloten zum Zäitpunkt vum Accident kee Führerschäi méi hat an den Auto, mat deem en ënnerwee war, dee vu senger Frëndin war, deen en den Owend selwer ouni ze froe geholl huet. Aus dem Rapport vum Expert ass nach ervirgaangen, datt de Mann reegelméisseg Alkohol a Cannabis konsuméiert huet, allerdéngs wiere seng Wäerter d’Nuecht vum Incident net aussergewéinlech héich gewiescht. Och gouf d’Fro vun der Riichterin opgeworf, wéi sech de Mann säi Konsum finanzéiere kéint, vue datt e keng Aarbecht hat. Vue datt den Ugeklote wéi gesot net um Geriicht war, konnte konkret Froe vun der Riichterin oder dem Parquet iwwert säi Verhalen allgemeng, mee virun allem vun der Nuecht vum 12. September 2022 allerdéngs net beäntwert ginn.

Déi dräi Männer, déi beim Accident verwonnt goufen, koumen deemools alleguer an d’Spidol mat Blessuren a Bréch. Kee vun hinne war an akuter Liewensgefor an et huet och keen dauerhafte Schued behalen. Si ginn dann och e Mëttwoch de Mëtteg um Stater Geriicht an der Suite vum Prozess gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO