Zwee Blesséierter bei Accidenter um MëttwochmoienAuto géint Bam a Camion géint Bus

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien huet de CGDIS zwee Accidenter notéiert.
© RTL-Archiv

Um CR162 ass géint 5.25 Auer tëscht Alzeng an Haassel een Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

An da gouf et nach een Accident um Wandhaff an der Rue des Trois Cantons. Kuerz virun 8 Auer waren hei e Camion an e Bus kollidéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Foussgänger ugestouss, Auto op der Kopp a Motocyclist gefall um Dënschdegowend

Wéi de CGDIS mellt, gouf et en Dënschdeg den Owend dräi Asätz mat am Ganze véier Blesséierten.

Géint 16.45 Auer ass zu Rodange an der Rue du Clopp eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um 17.21 Auer ass dann op der A13 vu Fréiseng a Richtung Altwis een Auto am Tunnel op d’Kopp gaangen. Hei sinn zwou Persounen zu Schued komm. De Samu war am Asaz.

An dann ass nach um 17.46 Auer e Motocyclist op der A6 vu Stroossen a Richtung Briddel gefall. Och hie gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO