Sträit tëscht OGBL an CJFWidderspréchlech Aussoen an Affär ëm véier Personaldelegéiert

Claudia Kollwelter
Tëscht dem OGBL an der Direktioun vun der Caritas Jeunes et Familles rumouert et uerdentlech.
© Tom Zeimet / RTL

“Et ass e Skandal an eng Attack géint d’Personaldelegatioun!”, seet den OGBL. Véier Personalvertrieder vun der Caritas Jeunes et Familles sinn aktuell an enger sougenannter “mise à pied”, also fräigestallt wéinst faute grave, bis eng definitiv Decisioun geholl gëtt a se eventuell entlooss ginn. Dem OGBL no kéint een net vu Meenungsverschiddenheete schwätzen, mee vun direkten Attacke géint d’Delegatioun an domat och indirekt géint d’Personal. Op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Moien huet d’Gewerkschaft hire Point de vue duergeluecht.

Affär OGBL vs. CJF / Reportage vum Claudia Kollwelter

Véier Leit aus der Delegatioun goufe “fräigestallt”

Am Oktober zejoert wier an enger Reunioun gesot ginn, datt eng vun den Delegéierte fräigestallt géif ginn, a vun deem Moment un net méi als Educatrice an der Crèche schaffe géif, mee 40 Stonnen d’Woch als Delegéiert. No ronn 10 Deeg krut déi Concernéiert allerdéngs e Bréif, datt se wéinst faute grave eng mise à pied krit, well si net op d’Aarbecht komm wier. An dobäi wier de Patron au courant gewiescht, seet den OGBL, deen dofir och net versteet, wisou net nogefrot gouf, wou d’Persoun dru wier a net éischter reagéiert gouf, respektiv eng Verwarnung erausgaangen ass.

Den OGBL zum Sträit mat der Caritas Jeunes et Familles
“Et ass e Skandal an eng Attack géint d’Personaldelegatioun”, seet d’Gewerkschaft.

Et hätt ee preventiv kënne mat der Gewerkschaft schwätzen, fir et net sou wäit kommen ze loossen, fir d’Saachen ze klären, mee et wier absolut kee Wëlle vun der Direktioun gewiescht, hinnen e Schratt entgéint ze kommen, bedauert den OGBL.

Ma et ass awer net just bei där enger Persoun bliwwen. Dräi weider Delegéiert, déi an der Reunioun am Oktober dobäi waren, wollte viru Geriicht aussoen, kruten allerdéngs dunn och eng mise à pied, mam Argument, si hätten sech deloyal par rapport zum Betrib verhalen. D’Direktesch hätt gläichzäiteg och eng Plainte bei der Police géint déi Leit gemaach wéinst Falschaussoen.Trotz allem hätt den OGBL weider den Dialog mat der Direktioun gesicht, allerdéngs ouni Erfolleg.

D’Gewerkschaft bedauert, datt duerch déi ganz Affär déi Leit, déi nach an der Personaldelegatioun sinn, sech net géifen trauen, hir Aarbecht richteg ze maachen a keen d’Posten, déi elo net méi besat sinn, wëll iwwerhuele well se méiglech Konsequenze géife fäerten. Déi iwwer 700 Leit, déi fir Cartias Jeunes et Familles géife schaffen, hätten elo keng funktionéierend Personalvertriedung méi an dat wier kloer de But gewiescht vun der Direktioun mengt den OGBL. Si wieren awer nach ëmmer gewollt, eng Léisung ze fannen.

D’Direktesch selwer gesäit dat Ganzt komplett anescht!

“D’Informatioun, datt déi Persoun fräigestallt gi wier, hu mir als Direktioun net kritt”, seet dogéint d’Carina Gonçalves, Generaldirectrice vu Caritas Jeunes et Familles. Dat wier och net an där Reunioun am Oktober gesot ginn, sou wéi den OGBL dat behaapt. Dowéinst huet d’Directrice eng Attestatioun geschriwwen, datt dat net stëmmt, wat spéider vun de véier Delegéiert behaapt gouf. Si huet opgrond dovun och eng Plainte gemaach. Iwwerdeems wier déi éischt Persoun net just fräigestallt ginn, well se net op hirer Aarbechtsplaz opgetaucht ass, et hätt nach eng zweet faute grave ginn, iwwert déi d’Directrice awer net kommunizéiere kéint. De Sozialdialog mat der Personaldelegatioun wier schonn eng Zäit net evident gewiescht, sot d’Carine Gonçalves nach am RTL-Interview. Déi fënnef Memberen, déi aktuell nach an der Delegatioun sinn, wieren awer gewëllt, d’Stonnen, déi elo opstinn, ze iwwerhuelen, huet d’Direktesch nach betount.

D’Vertrauensbasis wier dat Wichtegst fir all Zort vu Relatioun a vun engem Aarbechtskontrakt. An déi Basis wier par rapport zu de véier Persounen net méi ginn, well se falsch Aussoe gemaach hätten, huet d’Direktesch vu Caritas Jeunes et Familles nach ënnerstrach.

RTL-News vum 26.3.25: No Falschaussoen: Clinch tëscht CJF an OGBL wéinst véier Fräistellungen

Back to Top
CIM LOGO