Gouf et sexuellt Feelverhalen am Theatergrupp Namasté aus dem Escher Meedercherslycée Hubert Clement?

Enn Januar hat den Educatiounsministère matgedeelt, dass de Parquet zanter November an där Fro enquêtéiert. En Donneschdeg den Owend koum e Communiqué vun e puer Schüler aus dem Theatergrupp, déi sech positionéieren. D’Annick Goerens mat e puer Erklärunge zu dësem Sujet.

Froen an Äntwerten zu der Enquête géint Schüler aus Theatergrupp Namasté

Wat ass bis ewell gewosst?

Enn Oktober war d’Direktioun vum Lycée Hubert Clement iwwer e "sexuell motivéiert Feelverhalen" wärend enger Aktivitéit vum Jugendtheater vun der Schoul informéiert ginn. Wéinst legalen Obligatioune vum Jugendschutzgesetz huet d’Direktioun déi Informatiounen direkt un de Parquet viruginn, deen eng Police-Enquête an d’Weeër geleet huet. Dobäi goufen ënnert anerem Büroen an Haiser vu Proffen an aktuellen a fréiere Schüler vum Lycée duerchsicht. Dës concernéiert Leit - Erwuessener a Mannerjäreger - goufen dann och wéinst de Reprochë vu sexuell net ugepasstem Verhale gehéiert. Den Theatergrupp läit zanterhier op Äis.  

"Much ado about nothing"

Also vill Kaméidi wéinst näischt. Wéi si schreiwen, wier traditionell no hirer leschter Opféierung am Festsall vum Lycée ëmmer eng Ofschloss-Party, wou awer keen Alkohol gedronk gëtt, sou präziséieren et d’Schüler. Bei där Schluss-Party gëtt et zanter Joren een “topegt Spill: e Genre Ritter-Sketch mat Speerer a Bengelen". Dëst Spill géing just vun e puer Jonge gemaach ginn. Een Deel vum Grupp géing ëmmer de Sall verloossen, well si et blöd fannen. Bei deem Sketch gëtt wuel zu enger gewëssen Zäit virgetäuscht, dass e Jong e Bengel an den Hënner kritt. Dobäi wier et awer wichteg ze wëssen, präziséieren d’Schüler, dass all d’Jongen ugedoe bleiwen a genee wëssen, wat se maachen. Et géing also keng Verletzung vun de Sitte ginn.

Firwat ass d'Ritual bemol an den Hänn vum Parquet?

Wéi déi besuergt Schüler schreiwen, wier ee Mannerjäregen do gewiescht, deen dat ganzt Ritual eben net wollt kucken an aus dem Festsall erausgaangen ass. Doheem schéngt de Schüler gezielt ze hunn, dass d’Jongen “e Bengel an den Aarsch gestach kruten”, wat ouni Kontext natierlech wéi eng Vergewaltegung kléngt. Doropshi gouf d’Direktioun vun den Eltere kontaktéiert an duerno ass de Parquet an d'Police an d'Spill komm.

D’Schüler weise Versteesdemech fir den Direkter, deen opgrond vum Jugendschutzgesetz gezwonge wier, direkt alles virunzeginn. Mee wann hien d’Erlabnis gehat hätt, déi Responsabel vum Theatergrupp unzeschwätzen, da wier d’Affär a fënnef Minutte gekläert gewiescht, mengen déi Jonk.

Wéi geet et elo weider?

D’Schüler hunn natierlech hautdesdaags Video- a Bildmaterial och vun der Bengel-Aktioun. Déi hätte si och der Police gewisen. An hiren Ae misst d’Enquête dofir elo fäerdeg sinn. Si bedaueren nämlech, dass zanterhier keen Theatergrupp méi aktiv ass an dass si vun hirer séilescher Famill getrennt wieren.

Op Nofro beim Parquet heescht et awer, dass d’Enquête nach amgaangen ass. Den Direkter vum Lycée Hubert Clement, de Jean Theis, war iwwregens net au courant, dass e Communiqué un d’Press geschriwwe gouf. An hie wollt sech net positionéieren. Hie géing awer hoffen, dass d’Affär séier ofgeschloss wier.
 
D’Schüler hunn am Communiqué iwwregens och bedauert, dass hir Meenungsfräiheet ageschränkt wier, well si ënner anerem vum Direkter ofgerode kruten, fir een Artikel an der Schülerzeitung ze publizéieren. De responsabele Proff vun der Schülerzeitung hätt d'Schüler och iwwerzeegt, keen Artikel ze schreiwen. Formell wier also näischt verbuede ginn, mee hir Meenung géing net respektéiert ginn. Op alle Fall wéilte si sech sou séier wéi méiglech nees op dat Wichtegst konzentréieren, nämlech Theater maachen.