Äerdbiewe Myanmar an Thailand
Lëtzebuerger Autoritéiten hu keng Informatiounen iwwer Affer aus dem Grand-Duché

© AFP
E Freideg gouf et schwéier Äerdbiewen am Myanmar an an Thailand. Nach ëmmer ass dat geneet Ausmooss onkloer.
Op RTL-Nofro hin huet de Lëtzebuerger Ausseministère e Freideg am fréien Nomëtteg matgedeelt, datt een de Lëtzebuerger Staatsbierger am Zesummenhang mam Äerdbiewen an Thailand a Myanmar fir konsularesch Ënnerstëtzung zur Verfügung steet.
D'Nummer vun der Permanence ass den 247 87121.
Den Ament ass dem Ministère an och der Lëtzebuerger Ambassade zu Bangkok net bekannt, datt Staatsbierger aus dem Grand-Duché blesséiert goufen.
De Ministère géing d'Situatioun weider opmierksam suivéieren.
Am meeschte gelies