Myanmar mellt 144 Doudeger a 732 Blesséierter
En Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,7 op der Richterskala huet e Freideg de Moie Südostasien getraff. Den Epizenter louch am Zentrum vum Myanmar.
Engem neie Bilan no sinn am Myanmar op d'mannst 144 Leit duerch d'Äerdbiewen ëm d'Liewe komm. 732 weider Persoune goufe blesséiert.
Dat huet de Chef vun der Militärregierung vum südostasiatesche Land, de Min Aung Hlaing e Freideg am Nomëtteg matgedeelt. Et gëtt säitens der Regierung mat weideren Afferzuele gerechent. Ënnert anerem sinn eng Moschee an e Klouschter an e Koup gefall an et gëtt gefaart, datt d'Dämm beim Floss Irrawaddy gerass sinn a brieche kéinten. Et sinn awer och Haiser zerstéiert ginn an d'Stroosse krute grouss Rëss. Vill Affer kënnen net an engem Spidol behandelt ginn, mä d'Doktere behandele si op der Strooss. Och déi bekannten Ava-Bréck an der Géigend vum Epizentrum vum Biewen ass an e Koup gefall. An der Haaptstaat
In Myanmar richtete das Beben schwere Schäden an: Häuser wurden zum Einsturz gebracht, Straßen aufgerissen, die bekannte Ava-Brücke in der Nähe des Epizentrums des Bebens stürzte ein. In der Hauptstadt Naypyidaw rannten zahlreiche Menschen in Panik auf die Straßen.
Wéinst der grousser Zerstéierung huet de Chef vun der Regierung am Myanmar "all Land, all Organisatioun" opgefuerdert, den Affer ze hëllefen. Scho viru senger Ried huet hien en internationalen Appell fir Hëllef gemaach, wat en ongewéinleche Schratt fir d'Land ass.
D'EU a verschidde Memberlänner wéi Däitschland a Frankräich hu prinzipiell zougesot. Och aus Indien gouf Hëllef versprach.
D'WHO huet da matgedeelt, dass Liwwerungen mat medezineschem Material virbereet. An deem Kader huet d'Weltgesondheetsorganisatioun och de sougenannte Katastrophemanagementsystem aktivéiert. Wéi d'Porte-Parole, d'Margaret Harris e Freideg zu Genève sot, géif d'Äerdbiewen, dat Thailand an Myanmar getraff huet, als en Evenement géif klasséiert ginn, dat eng "ganz, ganz grouss Menace fir d'Liewen an d'Gesondheet" géif duerstellen. Virun allem géif sech vill op Blessure wéi Bréch vu Schanke bei den Affer agestallt ginn.
D'Äerdbiewen hat eng Stäerkt vu 7,7 an hat säin Zentrum der US-Äerdbiewenagence USGS no 16 Kilometer nordwestlech vun der Stad Sagaing am Myanmar, dat a gerénger Déift.
Ze spiere war d'Biewen och an Thailand, Kambodscha, China a Bangladesch
An Thailand huet d'Regierungscheffin Shinawatra e Freideg den Owend Lokalzäit probéiert, d'Leit ze berouegen a sot d'Schied géife sech a Grenzen halen. Et géif och keen Tsunami Risiko ginn an d'Leit kéinten zeréck an hir Haiser a Wunnengen. Et ginn den Ament awer nach vill Persoune vermësst.
An der thailännescher Haaptstad Bangkok ass éischten Informatiounen no e Gebai vun 30 Etagen, dat nach a Konstruktioun war, an de Koup gefall. Dobäi si Secouristen no 81 Aarbechter verschott ginn. Uganks war nach vun 43 Leit Rieds. Vun den 81 sollen entretemps op d'mannst 8 Persounen dout sinn. Eleng an Thailand geet ee vun villen Doudegen an honnerte Blesséierten aus. Zu Bangkok gouf de Katastrophenalarm ausgeléist. En Iwwerbléck iwwert d'Situatioun kritt een awer eréischt e Samschdeg de Moien Lokalzäit, wann et erëm hell gëtt.
Déi thailännesch Regierung, wéi och d'Militärjunta am Myanmar, hunn den Noutstand ausgeruff. Et heescht datt d'Touristen op de Vakanzeninselen wéi Phuket oder Koh Samui näischt vun dësem Biewe gespuert hunn.
US-Informatiounen no gouf et nëmmen e puer Minutten nom Biewe vu 7,7 och en zweet mat enger Stäerkt vu 6,4.
Lëtzebuerger Touristin zielt eis, wéi si d'Biewen erlieft huet
D’Diana Cerbini ass de Moment mat zwee Frënn zu Bangkok. Wéi d’Biewe lass goung, ware si um 10. Stack bei der Piscine vun hirem Hotel. Si wollten do de leschten Dag vun hirer Vakanz e bëssen entspanen, ier se den Owend an de Fliger fir heem klammen.
"D’ganzt Hotel huet gewackelt, geschaukelt, d’Schwemm ass iwwergelaf an d’Panik ass ausgebrach. Mir hu missen alleguer erof op d’Strooss lafen. Awer et war esou glat, datt e Kolleeg vu mer gefall ass a mer sollte mat ëm an d’Spidol fueren. Ënnerwee huet de Chauffeur awer d’Kéier gemaach, well mer iwwerhaapt net méi duerch komm sinn. D’Leit stoungen op der Strooss, Stau… et war fuerchtbar. Do stounge mir op der Strooss, ze waarden, ze waarden."
Do, also baussen op der Strooss, stoungen d’Diana Cerbini an hier Frënn ëmmer nach, wéi dat zweet, manner schrot Biewe koum. Antëscht konnte si zréck an den Hotel, hir Saache recuperéieren, fir den Owend heem ze fléien.