De gebiertegen Escher Tom Battin ass Professer an Ëmwelt-Wëssenschaften an der Ecole Polytechnique Fédérale de Lausanne, kuerz EPFL.

Zesumme mat 50 aneren internationale Wëssenschaftler huet de Lëtzebuerger Tom Battin ee weltwäite Programm op d’Bee gesat mam Zil, dem Gletscher-Schmelzen entgéint ze wierken. Am Sonndesinterview erkläert hien eis, firwat d’Erhale vun de Gletscheren esou wichteg ass, a wat et mat sengem Programm op sech huet.

"Ee Gletscher ass méi wéi nëmme gefrueren Waasser", esou den Tom Battin, Lëtzebuerger Wëssenschaftler an der Schwäiz. D'Gletschere wieren nämlech fir eis Mënschen iwwerliewenswichteg, awer och geféierlech, a sinn d'Doheem vun eenzegaartege Mikro-Organismen, déi fir eis Mënsche grouss Opportunitéite kënne mat sech bréngen.

Dat éiwegt Äis schmëlzt

Mee dat éiwegt Äis ass amgaang, ze schmëlzen, dat well d'Gletschere méi Waasser verléiere wéi se Schnéi bäikréien. Experten no sinn zanter 2000 all Joer an der Moyenne 273 Milliarden Tonnen Äis geschmolt. 273 Milliarden Tonnen Äis entsprécht ongeféier der Waasserconsommatioun vun der ganzer Weltpopulatioun wärend 30 Joer. Wann d'Temperaturen esou weider klamme wéi am Moment, kéint méi wéi d'Hallschent vun de Gletschere weltwäit an dësem Joerhonnert verschwannen. Gletschere spieren de Klimawandel direkt, esou den Tom Battin:

"E Gletscher litt net. Wann d'Äis schmëlzt, dat ass d'Konsequenz vum Klimawandel. Mir soen, d'Gletschere sinn déi bescht Ambassadeure vum Klimawandel. Déi léien net, dat ass ganz einfach. Mir soen och, mam Schmëlzpunkt vum Äis kënne mer net verhandelen. Et gëtt kee Verhandelen domat. Dat ass esou. Dat ass Physik."

RTL

© AFP

D'Gletscher-Schmelze concernéiert eis all

Et misst ee sech virun Aen halen, dass d'Gletscher-Schmelze fir eis all, och zu Lëtzebuerg, Konsequenzen huet. D'Gletschere sinn d'Haaptsource vum Drénkwaasser weltwäit, an desto méi vum Äis schmëlzt an an d'Mier fléisst, desto méi Drénkwaasser geet verluer. D'Gletscheren droen dann och den Ament am Meeschten zur Erhéijung vum Mieresspigel bäi: Schonn nëmmen 1 Millimeter méi heescht, dass Küsten erodéieren an dëst huet natierlech och auswierken op d'Agrikultur, d'Ernährungssécherheet an d'Ekonomie.

"Eng Konsequenz dovu ginn déi sougenannt Klimamigratioun oder Klimaflüchtlingen. Well déi, déi Land verléieren, déi Leit verléieren hiert Land an déi mussen anzwousch hin, déi kënnen do net méi liewen. Grousse Problem dovun och ass déi sougenannte Versalzung doduerch vum Land selwer. Also net nëmmen do, wou d'Mierwaasser, wou een d'Féiss da schonn am Mierwaasser hätt, mee d'Mierwaasser, dat dréngt och méi wäit an d'Land eran a versalzt Biedem a Flëss, sou dass déi Biedem net méi fertil sinn a sou dass déi Flëss eeben och net méi déi Fësch kënnen ënnerhalen, déi d'Leit momentan brauchen, fir hire Proteinbedarf ze decken. Also dat ass eng grouss Thematik."

Wann d'Mass vun de Gletscheren ëmmer méi kleng gëtt, ginn och d'Niveaue vun de Flëss méi niddreg. Besonnesch an de Summere kéint et dann ëmmer méi dozou kommen, dass grouss Flëss wéi de Rhäin net méi ze befuere sinn, wat sech natierlech massiv op d'Wirtschaft auswierkt.

Wa mir elo net investéieren, gëtt et an Zukunft just nach méi deier

D'Investitiounen an d'Klima-Mitigatioun géifen dem Tom Battin no och net wäit genuch goen. Et misst sech virop op d'Opklärung, d'Decarbonisatioun, d'Ofschwächung an an d'Adaptatioun investéiert ginn. Wann elo net géif investéiert ginn, da géifen d'Käschten opgrond vun de sëllege Klimaschied an Zukunft vill méi grouss ginn. Dofir wieren déi politesch Decideuren, dem Tom Battin no, gutt beroden, sech dem Klimawandel méi unzehuelen, besonnesch an Zäite wou aner Krisen am Fokus stinn.

"Mee momentan gëtt ze wéineg iwwer de Klima geschwat. Am alldeeglechen Narrativ ginn aner Suerge vermëttelt. A meng Kolleeginnen a meng Kolleegen, mir rësele just nach de Kapp, wa mer momentan liesen, héieren a gesinn, wéi vill Honnerte vu Milliarde vun Euroen an d'Defense investéiert ginn. Dat ass iergendzwousch och verständlech. Mee mir fäerten, dass ze wéineg investéiert gëtt a Klima-Mitigatioun an Upassung. Vill ze wéineg. Mir wäerte gesinn, an zéng bis fofzéng Joer, dass mer net mat Panzeren op de Klimawandel kënne schéissen."

Eng weltwäit Initiativ fir d'Gletscher ze erhalen

Den Tom Battin ass Haaptinitiateur vum "Glacier Stewardship Programme", enger weltwäiter Initiativ fir d'Gletscheren ze erhalen. Zesumme mat 50 Wëssenschaftler ass de Programm eng multidisziplinär an international Allianz, déi sech drop konzentréiert, technesch Interventiounen ze entwéckelen, fir d'Gletscheren ze erhalen, Iwwerwaachungssystemer opzebauen, fir d'Populatioune besser ze schützen, an och déi eenzegaarteg Mikroorganismen, déi an de Gletschere sinn, fir zukünfteg Generatiounen ze erhalen.

Déi international Politik gëtt sech dem Problem dann awer och ëmmer méi bewosst, op d'mannst war den 21. Mäerz dëst Joer den éischten UN-Weltdag vum Gletscher. D'UNESCO huet dann och vun 2025 bis 2034 d'Dekad vun de Gletscher annoncéiert.