Elektresch Ambulanz presentéiertSingapuresche President besicht nationale Rettungszenter

Diana Hoffmann
Um zweeten Dag vun der Staatsvisitt vum singapuresche Präsident stoung den nationale Rettungszenter CNIS um Programm.

Et kann ee sech d’Fro stellen: Wisou besicht de President vu Singapur den nationale Rettungszenter zu Lëtzebuerg? D’Äntwert läit hei an de strukturelle Gemeinsamkeeten tëscht den zwee Corpen. “De CGDIS an d’Singapor Civil Defence Force sinn eng Entitéit, déi de Spektrum vu Rettungsdéngscht, Pompjeeën a Protecion Civile ofdeckt”, erkläert de Generaldirekter vum CGDIS, de Paul Schroeder. Allenzwee wiere mer kleng Länner, déi bei gréissere Katastrophe séier op Hëllef aus den Nopeschlänner ugewise wieren. Dofir misst ee sech esou opstellen, dass ee selwer kéint eng Zäit laang déi Hëllef leeschten, déi néideg wier.

Singapuresche President besicht nationale Rettungszenter
Um zweeten Dag vun der Staatsvisitt vum singapuresche Präsident, stoung den nationale Rettungszenter CNIS um Programm.

Singapur wier bei den neien Technologien an dem Asaz vu kënschtlecher Intelligenz wäit vir. Ma och beim Asaz vu Robotere kéint een nach eppes léieren. Véier Membere vum CGDIS ware schonn Enn 2023 fir eng Weiderbildung zu Singapur. “Mir hu geléiert, wéi mer Persoune fannen, déi verschott sinn. An och d’Technologien, fir se eraus ze kréien”, erzielt de Max Delvaux, Offizéier beim CGDIS, dee bei der Rees zu Singapur 2023 mat dobäi war.

Interesséiert war Singapur bei der Visitt da besonnesch un enger elektrescher Ambulanz, déi an e puer Deeg déi éischte Kéier hei am Land an den Asaz kënnt. Awer och dorunner, wéi d’Prise en Charge vu verdächtege Päck hei am Land gereegelt gëtt.

Den Austausch tëscht de Rettungsdéngschter gouf mat enger Absichtserklärung clôturéiert. “An dësem geet et ëm géigesäiteg Ënnerstëtzung an der Recherche. Besonnesch am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz a wéi dës kann an der ziviller Sécherheet agesat ginn”, sou den Inneminister Léon Gloden. Ma och ëm den Asaz vu Robotere géing et goen, zum Beispill am Fall vun engem Brand.

D’Absichtserklärung soll béide Länner erméiglechen, vun de jeeweilegen Innovatiounen an Erfarungen ze profitéieren. Och wann iwwer 10.000 Kilometer Loftlinn d’Länner trennen.

D’Impressioune vum éischten Dag fannt Dir hei am Artikel.

Back to Top
CIM LOGO