
D’Gemeng Suessem plangt, op dëser Plaz en ëffentleche Raum fir d’Bierger ze schafen.
Um Samschdeg gouf d’Haus ofgerappt. An der Rue de Mondercange ass d’Strooss deelweis nëmmen op enger Spuer op. De Verkéier gëtt mat roude Luuchte gereegelt, fir d’Sécherheet vun de Chaufferen an den Aarbechter ze garantéieren.