Aktuell lafen d'Aarbechte schonn am ale Gebai, dat an der Monnerecherstrooss zu Éilereng steet.

Queesch vis-à-vis vun der Kierch an der Monnerecherstrooss zu Éilereng steet dat aalt Paschtoueschhaus. Wie reegelméisseg dolaanscht fiert, huet wuel gesinn, datt et rezent verschidde Verännerungen op där Plaz gouf. Dowéinst hu mir mol bei der Suessemer Gemeng nogefrot, wat iwwerhaapt hei passéiert.

Anescht wéi bei der Kierch, ass d'Gemeng de Besëtzer vum Paschtoueschhaus. Dowéinst gouf och hei decidéiert, datt dat aalt Gebai, wat an engem desolaten Zoustand ass, ofgerappt wäert ginn, fir datt dono hei eng "ëffentlech Plaz" fir jidderee kann entstoen.

Aktuell lafen d'Aarbechte schonn an et wier een amgaangen, fir den Asbest aus dem Gebai erauszehuelen. Déi Aarbechten hunn an der Fuesvakanz ugefaangen a wäerte wuel ee Mount daueren. Dono wäert et mam Ofrappe vum Gebai virugoen.

Wärend den Aarbechte muss eng Deviatioun fir d'Foussgänger ageriicht ginn, fir den Trafic si keng Ëmleedunge virgesinn, heescht et vun der Suessemer Gemeng.

Nach net kloer ass, wat genee op där Plaz entstoe soll. Dat muss nach definéiert ginn.