E Samschdeg den Owend krut d'Police géint 23 Auer een Tuningtreffen um P&R Houwald gemellt.

E puer Policepatrulle sinn op d'Plaz gefuer. Gefierer, déi duerch hiert Fuerverhale respektiv optesch Verännerungen opgefall sinn, goufen am Ausgang vum P&R kontrolléiert. Am Ganze goufen eng hallef Dose Protokoller verdeelt.

No enger Stonn war d'Treffen opgeléist an d'Gefierer haten den Terrain verlooss.