Pneueproduzent gëtt keng Detailer
Wat genee geschitt ass, wéi de Mann ëm d’Liewe koum, dat war bis elo weder vu Säite vu Goodyear selwer, nach vun der Police gewuer ze ginn.
Wéi mer e Sonndeg op Nofro hi vun der Police confirméiert kruten, ass leschte Samschdeg ee Mataarbechter vun der Goodyear bei engem Accident am Betrib déidlech blesséiert ginn.
Vum Pneueproduzent hier ass d’Press leider gewinnt, dass ee sech a punkto Kommunikatioun, wann et zu Tëschefäll kënnt, ëmmer ganz bedeckt hält.
An engem Communiqué heescht et just, dass een "déif traureg" wier iwwert den Doud vum Mataarbechter an dass een déi lokal Autoritéite bei hirer Enquête ënnerstëtze géif. Kee Wuert driwwer, wat geschitt ass a wat ënnerholl gëtt, fir esou schro Accidenter an Zukunft ze verhënneren.
Der Famill, Frënn a Kolleege vum Verstuerwene gëtt d’Bäileed vu Säite vum Betrib ausgedréckt. RTL-Informatiounen no ass den déidlechen Accident e Samschdeg de Moie kuerz no 7 Auer am Labo geschitt. Bei Tester vu Pneuen hätt sech eng Schrauf geléist, déi dem Mann widder de Kapp geflunn ass.
D’Affer war 46 Joer al a Papp vun engem Kand vu 6 Joer.
Schreiwes vun der Goodyear
Nous sommes profondément attristés par le décès d'un de nos collaborateurs au Luxembourg ce samedi 29 mars. Nous apportons notre concours aux autorités locales dans le cadre de l'enquête.
Nous exprimons nos sincères condoléances à sa famille, ses proches et collègues.