D'Administration des Biens vum Grand-Duc dementéiert rezent Medieberichter iwwer de Patrimoine vun der groussherzoglecher Famill.

Chifferen aus deenen d'Conclusioun gezu gouf, datt de Grand-Duc Henri zu de räichste Monarchen an Europa géing gehéieren. D'Netto-Valeur vun deem Verméige géing just e Brochdeel vun deene 4 Milliarden Dollar representéieren, déi als Chiffer an de Medien genannt goufen.

Bei deene Schätzunge géif en Amalgamm gemaach ginn tëschent de private Famillje-Verméigen an dem historeschen a kulturelle Patrimoine, bei deem déi groussherzoglech Famill net de Besëtzer wier.

Wéi all Bierger hätt och d'groussherzoglech Famill d'Recht op Confidentialitéit, wat déi privat Finanzen ugeet, heescht et an engem Communiqué.

An der Vergaangenheet huet den Haff scho méi dacks Presse-Informatiounen zum Verméigen vum Groussherzog dementéiert.