Thinktank IDEA presentéiert véier méiglech Zenarien
D'Fondation IDEA huet en Donneschdegmëtteg hir Propose fir eng Reform vum Lëtzebuerger Pensiounssystem virun der Press presentéiert.
De Thinktank, dee viru gutt zéng Joer op Initiativ vun der Chambre de commerce gegrënnt ginn ass, huet no engem Reflexiounsprozess iwwer e puer Méint véier Zenarien an engem Dokument vu gutt 100 Säiten zeréckbehale mat allkéiers engem anere Schwéierpunkt.
De Lëtzebuerger Pensiounssystem wier gutt, ënnersträicht den Direkter vun IDEA. Fir dee Pensiounssystem awer laangfristeg ofzesécheren, misste séier Efforte gemaach ginn, esou de Vincent Hein.
"Notre philosophie c’est que, le plus tôt on reforme, le moins douloureux seront les mesures qui seront prises, et surtout on pourra maintenir un pourvoir d’achat minimum, notamment pour les couches de la population les plus vulnérables et pour les revenus les moins élevés."
Den Ament géing an der Pensiounsdebatt vill vu roude Linne geschwat ginn, konkret Propose géingen der nëmme wéineg um Dësch leien, fënnt den Direkter vun IDEA. D’Fondatioun huet an deem Sënn direkt e puer méiglech Zenarie vun enger Pensiounsreform ausgeschafft.
"Dans les reformes qu’on propose, il y a des choses qui sont plus sociales, plus financières, il y a des choses où on va inciter les gens à travailler plus longtemps, bref il y a des choix politiques à faire."
Hëllefe sollen dobäi eenzel Mesuren, déi op verschidde Manéiere kënne matenee kombinéiert ginn. Eng Mesure ass zum Beispill, fir de Pensiounsalter un d'Liewenserwaardung ze indexéieren.
"Pour que dans les années qui viennent, on garde toujours ces 25 ans de pensions qui sont déjà beaucoup plus élevées que la moyenne européenne, mais on n'augmenterait pas la durée de pensions, simplement on augmenterait la durée de travail."
Esou eng vun am Ganzen 18 Mesuren, déi an deene verschiddene Reform-Zenarie virkommen. Déi verschidde Propose vun IDEA concernéiere just den éischte Pilier vum Pensiounssystem, notamment dee vun der gesetzlecher Pensiounsversécherung.
En Donneschdegowend presentéiert IDEA der zoustänneger Ministesch Martine Deprez a Vertrieder vu Patronat a Gewerkschaften déi verschidden Zenarie vun enger Pensiounsreform an der Chambre de Commerce. No der Presentatioun ass och eng Table ronde geplangt.