Dräi Leit blesséiert no uergem Accident zu Colmer-Bierg

© Domingos Oliveira
Um Samschdeg den Owend respektiv am Laf vum Sonndeg gouf et vill Asätz fir d'Ekippe vum CGDIS.
Wéi den 112 mellt, war géint 20.23 Auer an der Rue des Aubépines um Belair e Cyclist ugestouss an dobäi blesséiert ginn. Op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren, waren d'Ambulanciere vu Stengefort an d'Pompjeeën aus der Stad.
Géint 3.20 Auer an de fréie Moiesstonne vum Sonndeg waren ausserdeem zwee Autoen an der Avenue de la Liberté an der Stad anenee gerannt. Bei dësem Accident blouf et awer beim Materialschued. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad.
Am Laf vum Sonndeg huet de CGDIS dann nach en Accident um Potaschbierg gemellt, wou zwee Ween anenee gerannt waren. Hei goufen dräi Leit vun den Ekippe vu Mäertert a Jonglënster behandelt. Zu Kautebaach gouf eng Persoun, déi ugestouss gouf, vun den Ekippe vu Wolz an dem Kiischpelt betreit.
Zu Colmer-Bierg gouf et dräi Blesséierter, nodeem zwee Autoe e Sonndeg géint 16.45 Auer matenee kollidéiert waren. Hei waren d'Asazzentere vun der Nordstad, der Fiels, Colmer Bierg, Biissen an de SAMU vun Ettelbréck am Asaz. Wéi et op Nofro bei der Police heescht, gouf keng Persoun ganz schwéier blesséiert an awer wieren all d'Persounen an d'Spidol komm.