E Méindeg am Nomëtteg hunn d'Ekippe vum CGDIS am Ganze misse véiert Mol op eise Stroossen intervenéieren.

Um 13h45 hat zu Rammeldang an der Rue du Rham den automateschen "eCall-System" vun engem Gefier en Noutruff ofgesat. D'Secouristen an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen sinn op d'Plaz gefuer an hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Géint 14.30 Auer krute sech op der franséischer A31 an Direktioun Metz zwee Autoen ze paken. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vun Diddeleng a Beetebuerg grad ewéi d'Diddelenger Pompjeeën.

Um 15.10 Auer gouf dann e Cyclist blesséiert, ewéi hien um CR112 tëscht Tënten a Béiwen-Atert mat engem anere Vëlosfuerer kollidéiert ass. Hei waren d'Pompjeeë vun Tënten a Béiwen Atert grad ewéi d'Ambulanciere vu Lëntgen am Asaz.

Géint 15.50 Auer gouf dann e Cyclist op der N16 tëscht dem Scheierbierg a Réimech vun engem Auto ugestouss an dobäi méi uerg blesséiert. Hei war nieft den Ambulancieren an de Pompjeeë vu Réimech och de Samu aus der Stad op der Plaz.