D'Police huet zwee presuméiert Dealer zu Esch-Belval festgeholl

© RTL
An der Nuecht op e Méindeg huet eng Patrull vun der Police eng Vitesskontroll zu Esch-Belval gemaach.
Ee Chauffer wollt allerdéngs net laanscht d'Beamte fueren. Wéi hien dës gesinn huet, huet hien de Réckwäertsgang ageluecht an ass mat sengem Auto a Richtung Däitsch-Oth geflücht. D'Beamten hunn d'Verfollgung opgeholl. Si konnten de Chauffer a säi Bäifuerer no kuerzer Zäit unhalen.
Bei der Kontroll vum Gefier hunn d'Polizisten du Verpackungen aus Plastik um Buedem gesinn. Et huet sech erausgestallt, dass Drogen an dëse waren. Donieft hunn d'Beamten och dräi Handyen, zwou Woe fir Drogen an e Cutter saiséiert. Schliisslech goufen och um Kierper vun engem Verdächtegen eng kleng Quantitéit Droge fonnt. D'Drogen, déi aner Géigestänn an de Won goufe saiséiert.
Déi zwee presuméiert Dealer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Si haten e Méindeg am Nomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.