D’Initiativ "Devoir de Vigilance" wollt am Virfeld vun der Ofstëmmung wëssen, wéi déi lëtzebuergesch EU-Deputéiert sech positionéieren. 

"Et geet ëm dereguléieren, dereguléieren, dereguléieren", seet de Louis Zeien, Co-Coordinateur vun der Initiativ "Devoir de Vigilance" (IDV). Hie bezitt sech domat op Changementer am Omnibusgesetz, déi sollen zu enger Vereinfachung vun de Reegele fir Entreprise feieren. D’Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen sollt d’”Corporate Sustainability Due Diligence Directive” (CSDDD) op d’Schinne setzen, ma dat Ganzt géing elo an déi falsch Richtung goen. Tëscht 2027 an 2029 soll d’Direktiv a Kraaft trieden, e Rendez-vous, deen ëmmer weider no hanne geréckelt ginn ass. 

Wourëms et geet?

D’CSDDD ass eng Direktiv, déi dofir suergt, dass sech an de Liwwerkette responsabel Praktike fir d’Entreprisen duerchsetzen. Dëst am Kader vun de Mënscherechter, dem Klima an der Ëmwelt. Iwwert verschidde Punkte respektiv Ännerungen an der Direktiv, déi d’Kommissioun presentéiert huet, soll an den nächste Wochen am EU-Parlament ofgestëmmt ginn. 
 
Duerch méiglech Ännerunge vun der Direktiv géing elo de Risk entstoen, dass am Fall vu Mënscherechtsverletzungen d’Affer mat 27 ënnerschiddleche Legislatioune konfrontéiert wieren, erkläert de Jean-Louis Zeien.

Eigentlech kéint d’Direktiv doriwwer eraus e Game Changer bei der energeetescher Transitioun sinn. Dat andeems d’Entreprisen net just géing opgefuerdert ginn, en Transitiounsplang virzeleeën, mee dësen och missten ëmsetzen, sou d’Aschätzung vum Pascal Husting, Co-Coordinateur vun der IDV. 
 
Wieder géing d’Kommissioun da proposéieren, dass just déi lescht Entreprise an der Liwwerkette mat hiren direkte kommerzielle Partner misst eng Suergfaltsflicht iwwerhuelen. 
 
Awer och eng Responsabiliséierung vum Finanzsecteur géing net a Betruecht gezu ginn. "Dat heescht net, dass elo automatesch de Finanzsecteur responsabiliséiert gi wier. Dat ass an der aktueller Direktiv wäitgoend net de Fall", betount de Jean-Louis Zeien. Et géing just ëm eng Clause de revision goen, fir bei der nächster Kéier dee Sujet ze abordéieren.

RTL

© Diana Hoffmann

Wéi stinn déi EU-Deputéiert zu dëse Froen?

D’Initiativ "Devoir de Vigilance", déi aus 15 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft besteet, huet rezent déi 6 Lëtzebuerger EU-Deputéiert gefrot, wéi si zu dësen Ännerungen an der Directive (CSDDD) stinn. 
 
Op dëse Froebou hu 4 Deputéiert geäntwert. Dräi wéilten, dass dës esou bleift, wéi se ass, ouni d’Changementer, déi der IDV no géinge fir eng Verwässerung suergen. Dëst sinn d’Tilly Metz vun de Gréngen, de Charel Goerens vun der DP an de Marc Angel vun der LSAP. De Fernand Kartheiser vun der ADR ass géint déi komplett Direktiv.
 
Bei den Deputéierte vun der CSV, der Isabel Wiseler-Lima an der Martine Kemp, bloufen d’Froesteller dann op hirem Honger sëtzen. Si hu follgend schrëftlech Äntwert eragereecht: "D’Format wat proposéiert gëtt, mat just Jo an Nee Äntwerten, erméiglecht eis net eng nuancéiert Positioun op engem esou komplext Sujet erëmzeginn." A weider, dass d’EU-Parlament géing en Equiliber sichen tëscht Nohaltegkeetsziler, Mënscherechter an ekonomesche Realitéiten, ouni déi fundamental Prinzippie vun der Suergfaltsflicht a Fro ze stellen.

"Et kéint sinn, dass se als EVP-Deputéiert dat maachen, wat d’EVP an der lescht relativ dacks gemaach huet. Dass se hir Majoritéiten entweeder op déi eng oder aner Säit siche ginn", esou de Pascal Husting. Dacks géing d’EVP zum Bord vun Nationalisten, Populisten a Rietsextreemen tendéieren, fir eng Majoritéit sichen ze goen. 
 
Divers grouss Entreprisen, wéi Ikea, Pandora a Lego, hu sech dogéint schonn zu der initialer CSDDD bekannt, also zu konkreete Mesuren, déi een am Betrib muss ëmsetzen, dass bestëmmte Rechter garantéiert ginn.