Zwee Abriecher briechen an en Auto an a gi kuerz drop gepëtzt

E Sonndeg de Mueren gouf d'Police am Kader vun engem Abroch an en Auto an der Rue du Fort Wedell bei der Stater Gare geruff.
Éischten Informatiounen no, sinn zwou Persounen an den Auto agebrach, hunn dësen no Wäertgéigestänn duerchsicht a sinn a Richtung Gare fortgelaf.
Kuerz drop konnten déi presuméiert Täter am Gebai vun der Stater Gare vun der Police gepëtzt ginn. Déi zwou Persoune goufe mat op de Police-Büro bruecht. D'Ermëttlungen hunn erginn, dass déi zwee presuméiert Abriecher mat aneren Abréch an Autoen dee Moie a Verbindung stinn. Bei enger Kontroll vun de Persounen, goufe geklauten Objeten entdeckt, sou dass dëse Verdacht confirméiert gouf.
Op Uerder vum Parquet koumen déi zwee presuméiert Täter e Méindeg de Moien virun den Untersuchungsriichter. Déi geklauten Objete goufen de Besëtzer kuerz drop zeréck ginn.