Foussgänger um Lampertsbierg ugestouss an ee Blesséierte bei Motorradsaccident

© Domingos Oliveira / RTL-Archiv
De CGDIS mellt tëscht e Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg de Moien eng Rei Asätz mat Blesséierter.
Zu Huldang gouf et op der Stawelerstrooss géint 17.30 Auer eng Kollisioun tëscht dräi Autoen, bei där eng Persoun blesséiert gouf. Ëm kuerz no 19 Auer goufen d'Secouristen dunn op de Lampertsbierg geruff, nodeems do eng Persoun ugestouss a blesséiert gouf.
Zu Bieles gouf dunn an der Nuecht géint 1 Auer nach eng Persoun blesséiert, wéi et an engem Appartement an der Rue Waassertrap zu enger Dampentwécklung koum. E Feier op engem Balcon zu Esch an der Rue H. Dunant géint Mëtternuecht konnt dogéint geläscht ginn, ouni datt et Blesséierter ze bekloe gouf.
Géint 4.20 Auer um fréien Donneschdeg de Moie gouf et dunn nach ee Blesséierte bei engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Geknuppt hat et op der RN14 tëscht Reiland an Hiefenech, Nieft der Ambulanz aus der Fiels war och de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.